Radioen

On air

Notturno  |  Paul Fox Collective - I'm Sorry

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Paulette Lenert: Impfunge weisen hir Wierkung

Covid-Impfung

Paulette Lenert: Impfunge weisen hir Wierkung

D'Effikassitéit vun den Impfunge géif sech an der méi niddereger Zuel vun Hospitalisatiounen erëmspigelen. Et wiere nëmmen zwee Fäll bekannt vu Leit, déi komplett geimpft sinn, an awer, wéinst Covid-19, hospitaliséiert goufen, sou d'Paulette Lenert. Bei dëse Fäll hätten nach aner gesondheetlech Facteuren eng Roll gespillt.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Tëschent 76 an 83 Prozent vun den Infektioune ginn op Leit zeréck, déi net geimpft sinn, huet d'Paulette Lenert haut virun der Press preziséiert.

Den Direkter vun der Santé Dr. Jean-Claude Schmit geet dovunner aus, datt een eng Quot vu 85 Prozent bei der ganzer Bevëlkerung brauch, fir eng Herdenimmunitéit ze erreechen. Wéini dat zu Lëtzebuerg de Fall wäert sinn, kéint hien awer net soen.

Aktuell si 67,5 Prozent vun de Leit iwwer 12 komplett geimpft. 72,4 Prozent wieren op d'mannst eemol geimpft, esou den Dr. Jean-Claude Schmit haut virun der Press.

Eng drëtt Impfung wäert et zu Lëtzebuerg kuerzfristeg net ginn. Aktuell ginn awer scho Leit mat enger Immunschwächt oder enger Transplantatioun eng drëtte Kéier geimpft.

Fokus op Schnelltester a serologesch Tester

De 15. September geet de Large Scale Testing definitiv zou, sou nach d'Gesondheetsministerin. Duerno wäerten nach just Schnelltester an den Asaz kommen an et wäert ganz geziilt getest ginn.

Parallel géifen awer och serologesch Tester op Antikierper an Zukunft méi eng grouss Roll spillen. Dat awer net fir Eenzelfäll, mee fir déi epidemiologesch Entwécklung am A ze behalen.

Impfzentere maache wéi geplangt zou

Och d'Impfzentere ginn, wéi scho gewosst, lues a lues zou: zu Munneref an zu Ettelbréck gi se de 14. August zou, den Impfzenter um um Findel geet den 21. August zou.

Zu Esch-Belval geet den Impfzenter den 11. September an de Standby-Modus, deen um Lampertsbierg bleift nach bis den 13. September op.

Vum 30. August u kann ee sech do och spontan, also ouni Invitatioun, impfe loossen, sou nach d'Gesondheetsministerin.

Impfunge bei Dokteren

D'Impfe wäert sech dann ëmmer méi bei d'Generaliste verlageren, an den nächste Woche sollen och all d'Hausdokteren do matmaachen.

Aktuell bidden 189 Dokteren eng Impfung an der Praxis un, déi eng deementspriechend Konventioun ënnerschriwwen hunn. D'Resonanz wier, grad ewéi beim Impfbus, hei ganz gutt.