Radioen

On air

Kultur um 5  |  De Slash, a Lëtzebuergeschen Hard-Rock, an der Rockhal

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Paulette Lenert: Impfflicht ass "dernier Recours"

Pandemie

Paulette Lenert: Impfflicht ass "dernier Recours"

Eng Impfflicht wier fir d'Lëtzebuerger Regierung deen allerleschte Schrëtt, sou d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert. D'Infektiouns- a Spidolslag wier den Ament zu Lëtzbuerg am Verglach zu aneren EU Länner nach relativ stabel, mee dat kéint sech änneren, sou d'Paulette Lenert. Et misst een elo oppassen an déi sanitär Reegelen déi et gëtt gutt respektéieren, soss wiere weider Mesuren zu Lëtzebuerg net auszeschléissen.

auto_stories

2 min

headphones

18 min

play_arrow

Zu enger genereller Impfflicht seet d'Paulette Lenert, déi wier fir d'Regierung just den "dernier Recours". Wann d'Schrauf misst bäigezunn, hätt ee jo nach Spillraum fir zum Beispill aus dem aktuellen 3G- an e méi strengen 2G-Regimm iwwerzegoen, sou d'Gesondheetsministesch. Datt iergendwann ee gezwonge gëtt sech impfen ze loossen, kann d'Gesondheetsministerin sech net virstellen, wuel awer, datt een iergendwann Strofe kritt, wann ee sech net impfe léisst.

D'Paulette Lenert widderhëlt awer, datt dat fir d'Regierung déi allerlescht Optioun "den ultimative Schrëtt" wier an eng Impfflicht momentan net virgesinn ass.

Déi Lëtzebuerger Gesellschaft wier hirer Meenung no och guer net prett fir esou en déiwen Agrëff an déi perséinlech Fräiheeten. D'Gesondheetsministerin setzt weider drop, Leit, déi der Impfung skeptesch géintiwwer stinn, awer nach vum Contraire iwwerzeegt ze kréien.

Stabilisatioun vun der Situatioun wäert net vum selwe geschéien

Datt déi véiert Infektiounswell eist Land bis elo vill manner schlëmm erwëscht huet wéi verschidden aner Regiounen an Europa, ass fir d'Gesondheetsministesch eng Konsequenz vum virsiichtege Wee, deen d'Regierung an der Corona-Politik ageschloen hätt. Kee Freedom day, kee generelle Verzicht op Masken, vill Tester (ëmmer nach) a Schoulen an Altersheimer. Dat alles hätt dozou geféiert, datt Lëtzebuerg am Moment effektiv esou eppes ass wéi eng kleng Insel, sou d'Paulette Lenert.

Allerdéngs bestéing d'Méiglechkeet, datt d'Situatioun zu Lëtzebuerg sech an der nächster Zäit géif verschlechteren, sou d'Gesondheetsministerin, dorop misst ee sech preparéieren. Fir datt een hei keng nei Mesurë misst aféieren, misst een déi aktuell Situatioun elo agedämmt kréien.

"Et muss schonn eppes geschéien, datt mer wierklech déi Stabilisatioun, déi mer am Moment nach hunn, och gehale kréien. An dat fuerdert en Effort. Dat wäert net vum selwe geschéien."