Radioen

On air

Notturno  |  Daily Vacation - Circles

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Paulette Lenert: "D'Spideeler sinn un der absolutter Limitt

Gesondheetssystem

Paulette Lenert: "D'Spideeler sinn un der absolutter Limitt

D'Spideeler sti kuerz virdru hir déi normal Behandlungen nach méi staark zeréckzeschrauwen, esou d'Gesondheetsministerin. Déi nächst Phas vum Covid-Plang fir d'Spideeler wier "imminent", esou d'Paulette Lenert. Wann et esou wäit kënnt, da missten d'Spideeler Traitementer, déi näischt mam Covid ze dinn hu massiv aschränken. Déi Limitt wier bal areecht, seet d'Gesondheetsministerin.

auto_stories

1 min

headphones

25 min

play_arrow
D'Gesondheetsministerin Paulette Lenert. Foto: Archiv

D'Situatioun kéint mëttelfristeg net esou bleiwen, esou d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert.

"Eis Zuele mussen erofgoen, well et effektiv an engem Parage ass, wou een dat vläicht eng, zwou, dräi Wochen esou ka geréieren. Mee da si mer dann an enger Situatioun, wou mer wierklech net wëllen hikommen, well soss de Gesondheetssystem fir d'Allgemengheet einfach net méi deen ass, deen ee sech an der Dauer erwaart."

Am Moment wier d'Situatioun awer nach net esou dramatesch, datt "op der Sekonn" nei Mesurë misste geholl ginn, esou d'Paulette Lenert. Et géife verschidden Indicateure ginn, déi op eng Entspanung hindeiten. Zum Beispill hätten d'Traitementer sech verbessert, an d'Covid-Patiente missten dofir net méi esou laang am Spidol behandelt ginn, wéi wärend der éischter Well.

Op et duergeet fir op Dauer vu méi strenge sanitäre Mesuren ofzegesinn, géif sech an den nächsten Deeg weisen, esou d'Gesondheetsministerin.