D'Situatioun kéint mëttelfristeg net esou bleiwen, esou d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert.
"Eis Zuele mussen erofgoen, well et effektiv an engem Parage ass, wou een dat vläicht eng, zwou, dräi Wochen esou ka geréieren. Mee da si mer dann an enger Situatioun, wou mer wierklech net wëllen hikommen, well soss de Gesondheetssystem fir d'Allgemengheet einfach net méi deen ass, deen ee sech an der Dauer erwaart."
Am Moment wier d'Situatioun awer nach net esou dramatesch, datt "op der Sekonn" nei Mesurë misste geholl ginn, esou d'Paulette Lenert. Et géife verschidden Indicateure ginn, déi op eng Entspanung hindeiten. Zum Beispill hätten d'Traitementer sech verbessert, an d'Covid-Patiente missten dofir net méi esou laang am Spidol behandelt ginn, wéi wärend der éischter Well.
Op et duergeet fir op Dauer vu méi strenge sanitäre Mesuren ofzegesinn, géif sech an den nächsten Deeg weisen, esou d'Gesondheetsministerin.