Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aarbechtszäiten: D'Paulette Lenert wëllt sech nach net festleeën

Aarbechtswelt

Aarbechtszäiten: D'Paulette Lenert wëllt sech nach net festleeën

D'Paulette Lenert wëllt sech nach net festleeën, ob hir Partei am Walkampf fir eng allgemeng Reduktioun vun der Aarbechtszäit wäert antrieden. "Waart op eise Walprogramm", esou déi designéiert LSAP-Spëtzekandidatin de Méindeg de Moien op d'Fro, ob si sech fir eng Reduktioun vun der legaler Aarbechtszäit wëllt asetzen.

auto_stories

2 min

D'Paulette Lenert ass déi designéiert LSAP-Spëtzekandidatin.

Éier si sech festleet, wéilt si op d'Resultater vun enger Etude waarden, déi den Aarbechtsminister an Optrag ginn huet, esou d'Paulette Lenert.

Et misst ee fir d'éischt verstoen, wéi eng Systemer et gëtt a gutt se fonctionéieren. Eréischt da kéint een een adaptive System fir Lëtzebuerg proposéieren.

"An ech wëll dat gär verstoen, a wann een eng Etude an Optrag gëtt, da bedeit dat fir mech, datt een déi mat Interesse liest, wa se kënnt, an dann dono vläicht méi schlau ass, wann een iwwer d'Theema diskutéiert, ewéi am Virfeld, soss bräicht ee keng esou Etuden ze maachen."

Steierreform ass noutwenneg

D'Paulette Lenert ass fir Stéierentlaaschtunge bis wäit an d'Mëttelschicht eran. Déi designéiert LSAP-Spëtzekandidatin confirméiert, datt d'LSAP sech am Walkampf wëllt dofir asetzen, datt jiddereen dee manner wei 11.600 Euro am Mount verdéngt steierlech entlaascht gëtt.

Wéi vill esou eng Steierreform géif kaschten, konnt d'Paulette Lenert op Nofro hin awer net soen. Si huet awer betount hir Partei wéilt esou eng Reform ëmsetzen, och wa se géif bedeiten, datt Staatsschold da méi ewéi 30 Prozent vun der Wirtschaftsleeschtung ausmécht.

"Eng Steierreform ass eppes, wat an d'Zukunft geriicht ass, an dat kann een net ëmmer krisenofhängeg loossen. Et ass eppes Strukturelles. Si ass längst iwwerfälleg. An et ass fir eist Land wichteg, datt mer effektiv net weider an déi Richtung auserneen dreiwen, wei mer et elo sinn."