Radioen

On air

Kultur um 5  |  Magnus & John - Sublime

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nach vill Froen zur Reform vum RMG

Garantéierte Mindestloun

Nach vill Froen zur Reform vum RMG

Den LCGB-President Patrick Dury formuléiert keng prinzipiell Kritik um Projet vum neie "revenu d’inclusion sociale" (Revis), mä fuerdert Präzisiounen. Notamment zur zukünfteger Roll vun de Beschäftegungsinitiativen.

auto_stories

3 min

D’Kärstéck vun der RMG-Reform ass de Motto "Schaffe soll sech lounen", verbonne mat enger méi staarker Aktivatiounspolitik. D’ADEM soll déi concernéiert Leit méi enk begleeden a se fir t'éischt orientéieren, entweder a Richtung sozial Aktivatioun oder Beschäftegung.

"Do stellt sech d’Fro, wou een déi Leit ka beschäftegen a wat vu Strukture muss opgebaut ginn. Haut ginn et scho Beschäftegungsinitiativen, déi beschëllegt ginn eng deloyal Konkurrenz duerzestellen, obwuel dat net stëmmt. Brauch een en neit Standbeen? Dat sinn déi Froen, déi et ze klären heescht", seet de President vum LCGB.

Revis a Mindestloun

De Chrëschtleche Gewerkschaftsbond hätt näischt dogéint, datt d’Leit eng sënnvoll Aarbecht kënne maachen. Mee et misst ee kucken, wéi eng Populatioun viséiert ass a wéi eng Beschäftegung dat genee ass, seet dozou de Patrick Dury.

An der Reform vum RMG gëtt proposéiert, datt d’Leit méi Sue kréien, wa se sech aktivéieren. Do misst een oppassen, datt déi di de Mindestloun verdéngen, awer nach besser ewechkommen. Soss kéint dat dozou féieren, datt ee mengt et misst een d’Leit an de Revis drécken, fäert de Patrick Dury.

Alternative sichen zum Chômage

Den LCGB fuerdert nei Mesuren, fir datt d’Leit méiglechst an der Aarbecht gehale ginn amplaz am Chômage ze sinn. Zum Beispill am Fall vun engem Sozialplang: Grad ewéi an den 80er Joren kéint een de Prêt temporaire vun den Employéeën aféieren, mengt de Patrick Dury.

D’Cellule de reclassement (bei ArcelorMittal) oder déi fréier "Cellule anti-crise" wiere Modeller déi an der Vergaangenheet funktionéiert hunn. Da missten awer d’Patronen an d’ADEM hir Responsabilitéiten iwwerhuelen, sou de Patrick Dury.

"Wann een awer dat do net fäerdegbréngt, da mussen d’Leit méi laang Chômage kréien, an et muss een och iwwert d’Chômageindemnitéite schwätzen", seet den LCGB-President.

Mindestloun a Familljenzoulagen

Den OGBL wëllt eng Erhéijung vum Mindestloun vun zéng Prozent. Den LCGB fuerdert ee steierfräie Mindestloun, dat géing scho fënnef Prozent méi u Revenu bedeiten, seet de President vum LCGB: "Mir fuerderen och, datt d’Steiertabell regelméisseg un d’Inflatioun ugepasst gëtt".

D’Familljenzoulage goufen zanter 2006 net méi indexéiert. D’Reform vum Kannergeld gesäit erëm esou ee Mechanismus vir. "D’Kannergeld soll regelméisseg un d’Evolutioun vum Duerchschnëttsloun ugepasst ginn, mee de Familljeministère huet de Gewerkschaften dozou nach keng Detailer matgedeelt", esou de Patrick Dury.

Congésdeeg iwwert Kollektivvertrag verhandelen

An der Chamber gouf eng Petitioun agereecht an där 30 Deeg Congé fir de gesamte Privatsecteur gefuerdert ginn. An enger ganzer Rei Kollektivverträg hätten d'Gewerkschafte schonn zousätzlech Congésdeeg verhandelt, seet den LCGB-President.

De Patrick Dury begréisst d'Petitioun, "mee ech géif deene Leit roden, sech an hirem Betrib gewerkschaftlech z’engagéieren, fir entweder ze kucken, datt se ee Kollektivvertrag kréien oder datt se als Delegéierte bei de Verhandlunge mam Patron iwwer méi Congé verhandelen".