Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De Ruanda ass kee Rechtsstaat"

Kritik u Kooperatiounspolitik

"De Ruanda ass kee Rechtsstaat"

Datt d'Regierung an der Kooperatiounspolitik de Ruanda méi staark ënnerstëtze wëllt, stéisst op Kritik. Souwuel de Cercle de cooperation wéi och Mënscherechtsaktiviste soen am ostafrikanesche Land géifen et gréisser Violatioune vun de Mënscherechter an en diktatoresche Regimm ginn. D'Logik vun der Lëtzebuerger Kooperatiounspolitik gëtt also a Fro gestallt, kuerz nodeems de Premier- an de Kooperatiounsminister op Besuch am Ruanda waren.

auto_stories

3 min

D'Associatiounen Amnesty International an Human Rights Watch klasséieren de Ruanda als autoritäre Regimm, an deem d'Géigner verfollegt ginn. De Ruanda wier a kengem Fall e Rechtsstaat. Rezent waren de Lëtzebuerger Premier an de Kooperatiounsminister zesumme mat enger Delegatioun vu privaten Entreprisen an de Ruanda gereest fir nei finanziell Hëllefen ze decidéieren an doriwwer ze diskutéieren de Ruanda nees Haaptpartnerland vun der Lëtzebuerger Kooperatioun ze maachen.

"Et ass net normal, datt Lëtzebuerg sech am Ruanda engagéiert". Dat seet de ruandeschen Affekot an Aktivist Patrice Mbonyumutwa. De Mann, deen an den 90er Joren aus dem Ruanda op Lëtzebuerg geflücht ass, selwer Member vun enger Famill, déi dem fréiere Regimm ganz no stoung, engagéiert sech haut an der Associatioun Jambo, déi sech eegenen Aussoen no fir d'Mënscherechter am Ruanda asetzt. Dat ostafrikanescht Land wier kee Rechtsstaat, esou de Patrice Mbonyumutwa:

"Eng Kooperatioun mat engem Land, dat grad amgaangen ass sech ze entwéckelen, ass a priori ëmmer positiv. Mee hei geschitt eppes, wat net gesond ass. Et ass net normal e Land ze finanzéieren, dat net demokratesch ass, e Land, dat vun enger Militärjunta dirigéiert gëtt, wou d'Opposante vum President ëmbruecht ginn. Et ass en diktatoresche Regimm."

"De Ruanda brauch den Opbau vun enger demokratescher Societéit"

Et wéilt een sech diversifiéieren, esou d'Argument vum Franz Fayot. An den nächste véier Joer si ronn 40 Milliounen Euro finanziell Hëllefe fir de Ruanda virgesinn. Ënner anerem soll eng Lëtzebuergesch-änlech Finanzplaz do opgebaut ginn. Eppes wat de Patrice Mbonyumutwa schockéiert:

"Wat de Ruanda brauch ass net eng Finanzplaz mat där een säi falschen Image ka weider opbauen. Wat d'Land brauch ass den Opbau vun enger demokratescher Societéit."

Et géife Länner gi wéi de Ghana, déi sech grad demokratiséieren. Do wier et méi positiv sech ze engagéieren, mengt de Patrice Mbonyumutwa. Och de Cercle de cooperation huet Schwieregkeeten d'Logik vun der Lëtzebuerger Kooperatioun ze verstoen. Dozou hire Responsable playdoyer politique Sebastian Weier:

"Wann een sech iwwerleet, datt et d'Zil vun der Kooperatioun ass, d'Aarmut ze reduzéieren, wou ass do d'Logik fir grad de Ruanda auszewielen? Wann et jo Länner ginn an där selwechter Regioun, déi d'Hëllef méi néideg hunn. An déi Fro gëtt da verschäerft doduerch, datt ee grad e Land hëlt wou d'Mënscherechter net respektéiert ginn."

De Cercle de cooperation freet sech, ob déi Lëtzebuerger Entwécklungspolitik elo an eng Richtung geet wou national Interessie gefërdert ginn an d'Mënscherechter mussen hannendru stoen.

Et wier schonn net evident, datt de Franz Fayot gläichzäiteg Wirtschaftsminister a Kooperatiounsminister wier, esou nach de Sebastian Weier. Hien hätt d'Gefill, datt do zimmlech vill géif vermëscht ginn. De Cercle de cooperation bedauert och, datt de Kooperatiounsminister net mat den ONGen iwwer de Ruanda geschwat huet, ma dann awer mat enger Delegatioun vu privaten Entreprisen dohinner reest.

Den Ament gëtt et och eng Kris am Nopeschland, der demokratescher Republik Kongo, wou zënter Woche gekämpft gëtt. De Weekend huet déi kongolesesch Arméi de Ruanda beschëllegt, d'Rebelle vun der M23-Miliz militäresch ze ënnerstëtzen. Rebellen hunn am Oste vum Land eng Grenzstad ageholl.