Radioen

On air

Notturno  |  First Mote - Middlecroft

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Patientin no Impfung gestuerwen

Coronavirus

Patientin no Impfung gestuerwen

Eng Fra vu 74 Joer ass no hirer Impfung mam Vaccin vun AstraZeneca an der Nuecht op e Samschdeg an der Klinik gestuerwen: dat huet de Parquet hei aus der Stad de Mëtteg an engem Communiqué matgedeelt. Der Fra hirem Dokter no, géif et sech ëm eng "mort suspecte" handelen: eng Relatioun tëschent hirem Dout an hirer Vaccinatioun kéint net ausgeschloss ginn.

auto_stories

1 min

Fir déi genee Doudes-Ursaach erauszefannen, huet de Parquet eng Autopsie vun der Läich gefrot, déi gëschter gemaach gouf: nach léiche keng Resultater vir, esou d'Justiz am fréie Mëtteg.

De Parquet Lëtzebuerg präziséiert och, datt nach net all d'Elementer vun der Enquête virléichen: fréizäiteg Conclusioune wiere spekulativ, heescht et.

Och d'Santé géif dëse Fall analyséieren, huet den Direkter vun der Santé eis op Nofro hi gesot. D'Fra wier virum Weekend an engem kriteschen Zoustand an d'Klinik komm, esou d'Prezisioun vum Dr. Jean-Claude Schmit.

D'Patientin wier un enger Gehier-Bluddung mat engem Mangel u Bluttplättercher an enger intravalskulärer Gerënnung gestuerwen, esou d'Santé méi spéit an hirem Communiqué.

D'Fra hätt hir éischt AstraZeneca-Dosis den 23. Mäerz kritt, also gutt 14 Deeg virun hirem Dout.

D'Direktioun vun der Santé wier am gaangen d'Analys vun dësem Fall zesumme mat franséischen Experte vun Nanzeg ze maachen.

Donieft hätt déi zoustänneg Direktioun aus der Santé de Fall un déi europäesch Medikamenten-Agence EMA op Amsterdam gemellt.