Als Passagéier vu Bus, Zuch oder Fliger kann een an dräi Fäll eng Plainte era reechen, erkläert de Patrick Wildgen vum europäesche Verbraucherzentrum zu Lëtzebuerg kuerz NEB. Zu Lëtzebuerg géifen déi Fäll och haaptsächlech Fluchpassagéier betreffen. Dat heescht bei Annulatiounen a Verspéidunge vu Flich, an am Fall wou ee beim Gate net méi an de Fliger era gelooss gëtt.
Wéieng Rechter fir de Passagéier?
Dann huet een och nees dräi Rechter, erkläert de Patrick Wildgen nach weider.
"Dat éischt Recht wat se hunn, ass mol eng prise en charge vun der Airline. Dat zweet Recht ass entweder e Reacheminement, oder e Remboursement vun engem Ticket, an dat drëtt Recht wat ee kann akloen, ass e Recht op eng Entschiedegung."
Zu der Versuergung, déi d'Airline engem muss ubidden, gehéieren och d'Iessen a Gedrénks, betount de Patrick Wildgen. Grad esou wéi d'Iwwernuechtungen an den Transport, wann de Fluch op en Dag no hanne verréckelt gëtt.
D'Zesummenaarbecht huet och e pedagogeschen Zweck
Et wier wichteg, datt d'Leit wëssen, datt et eng Ulafstell gëtt, un déi se sech kënne riichten, ënnersträicht d'Konsumenteschutzministesch Paulette Lenert. Als Passagéier misst een awer net all Detail vun de Rechter kennen. Den Zweck vun der Zesummenaarbecht tëscht deenen eenzele Servicer wier awer och ee pedagogeschen, erkläert d' Konsumenteschutzministesch nach weider.
"Ech wëll net den Entreprisen ënnerstellen, datt se verschidde Saachen express géife maachen, et ass natierlech eng wirtschaftlech Komponent. Et ass natierlech komplizéiert, an ech denke wann eng Airline bis puer Fäll duerchgespillt huet, a se weess genau bis dohinner geet et an net weider."
D'Paulette Lenert rechent domat, datt wann d'Airlines bis mierken datt d'Passagéier sech informéieren, dat eng Wierkung op de Secteur kéint hunn. Da géif och lues a lues méi opgepasst ginn.