De Mars Di Bartolomeo ass sech dofir nach net sécher, datt schonn e Méindeg nei Restriktioune kéinte gestëmmt ginn. Et kéint eventuell bis en Dënschdeg oder Mëttwoch daueren, fir Restriktiounen ze accordéieren, wann déi néideg sinn.
Den LSAP-Deputéierte ka sech allerdéngs "net virstellen", datt d'Chamber e partielle Lockdown refuséiert, wann d'Regierung an d'Experten déi Mesurë fir néideg halen.
D'Chamber wäert "schnell, intensiv a gutt schaffen", esou de Mars Di Bartolomeo. "A wann dat e Méindeg oder en Dënschdeg oder e Mëttwoch ass. Dann ass dat zu deem Zäitpunkt, wou mär an och de Conseil d'Etat fäerdeg sinn, an och eng gutt Aarbecht gemaach hunn."
"Mir wäerten op jiddwer Fall an den nächsten zéng Deeg musse legiferéieren"
D'Gesondheetsministerin sot en Dënschdeg virun der Press, et misst ee bis e Méindeg ënner der Zuel vu 500 Neiinfektioune leien, de Mars Di Bartolomeo wëllt sech net op eng präezis Zuel festleeën, mee schwätzt vun enger "staarker Tendenz no ënnen", déi erkennbar misst sinn, fir datt et Ufank nächster Woch net zu neie Restriktioune kënnt. Souwuel d'Chamber wéi och d'Regierung kéinte bis d'nächst Woch nach Upassungen um Gesetzesprojet abréngen, esou de Mars Di Bartolomeo. Eenzel Punkte wéi d'Ausgangsspär misst souwisou verlängert ginn, iwwer den 30. November eraus. "Mir wäerten op jiddwer Fall an den nächsten zéng Deeg musse legiferéieren", esou de Mars Di Bartolomeo.