Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Parquet ageschalt

#Chamberleak

Parquet ageschalt

auto_stories

2 min

No der Sécherheetspann op chamber.lu huet de Chamberbureau de Mëtteg unanime decidéiert, d'Informatiounen un de Parquet weiderzeleeden. Dat huet de Chamberpresident Mars Di Bartolomeo annoncéiert, nodeems d'Fraktiounsvertrieder vun CSV, LSAP, DP an déi gréng zwou Stonne laang zesummesouzen.

Wiem seng Responsabilitéit?

De Mars Di Bartolomeo schwätzt vun enger "schlëmmer Pann, déi dozou gefouert huet, datt sensibel Dokumenter net méi geschützt waren".

D'Chamber huet dowéinst zwou Aktiounen annoncéiert:

  • Eng intern Enquête iwwert déi eege Feeler. Detailer dozou goufen awer net genannt.
  • D'Aschalte vum Parquet, well een net wéisst, wéi vill Persoune während der Sécherheetspann Zougrëff op vertraulech Informatiounen haten. Dës Woch wiere massiv Donnéeën erofgeluede ginn. Dat wier keng Bagatelle, esou de Mars Di Bartolomeo: "Mir wësse jo net, wat mat deenen Donnéeë geschitt. Am Interêt vun de Leit an den Institutiounen (Note vun der Redaktioun: vun der Chamber) musse mir déi néideg Schrëtt ënnerhuelen". D'Pann wier keng Bagatelle, d'Opsuckele vun Daten och net.

Warnung oder Appell?

De Chamberpresident huet un déi Leit, déi vertraulech Donnéeë gesinn hunn, den Appel gemaacht, responsabel an deontologesch korrekt mat den Informatiounen ëmzegoen. D'Chamber géif sech d'Optioun fir weider Schrëtt oploossen.

Op d'Fro, ob d'Chamber d'Dateschutzkommissioun aschalt, sot de Mars Di Bartolomeo, en hätt um radio 100,7 héieren, datt d'CNPD sech mat der Affär beschäftegt. Hie géif dovun ausgoen, datt do ganz séier e Kontakt entsteet.

De Mëttwoch den Owend hat de radio 100,7 d'Sécherheetslacune bei chamber.lu opgedeckt. Fir d'Pann ze behiewen, war de Chambersite dono während 35 Stonne vum Netz geholl ginn.


De Claude Biver am Panorama de Freideg, 9. Mäerz um 18 Auer:

Lauschterenplay_arrow