Radioen

On air

Notturno  |  East Coast Love Affair - Date With The Rain Feat. Peter Hunningale & L. Ross

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pappecongé: "Mir hunn näischt mat der Regierung ausgemaach," sou LCGB

Familljepolitik

Pappecongé: "Mir hunn näischt mat der Regierung ausgemaach," sou LCGB

D'chrëschtlech Gewerkschaft géif et "eng gutt Saach" fannen, wann de Pappecongé op zéng Deeg gehéicht gëtt. Am Moment ass geplangt de Congé fir Pappen vun zwee op fënnef Deeg ze héijen. Et géif awer keen "definitiven Accord" mat der Regierung doriwwer ginn, sou den LCGB-President Patrick Dury.

auto_stories

2 min

Patrick Dury

Zënter d'EU-Kommissioun proposéiert huet, datt all d'Memberstaaten e Pappecongé vun zéng Deeg sollen aféieren, ass d'Diskussioun och hei am Land nei lancéiert. Bannent der Lëtzebuerger Regierung ginn d'Positiounen auserneen: Den Aarbechtsminister Nicolas Schmit sot, hie wier "perséinlech dofir" d'Propose vun der EU-Kommissioun ëmzesetzen. D'Familljeministesch plädéiert iwwerdeems dofir, am Moment bei fënnef Deeg ze bleiwen. Dat wier "d'Resultat vu Verhandlunge" mat Patronat a Gewerkschaften.

Den LCGB-President gesäit dat anescht: "Mir hunn näischt mat der Regierung ausgemaach," sou de Patrick Dury. D'Gewerkschaft hat der Regierung zwar am Januar 2016 schrëftlech matgedeelt, datt si mat fënnef Deeg Pappecongé averstane wär. En "definitiven Accord" géif et awer net ginn. De Pappecongé wier just eng vu ville familljepolitesche Mesuren, iwwer déi d'Regierung deemools mat de Sozialpartner diskutéiert hätt.

LCGB wëll sech aus Parteipolitik eraushalen

Zéng Deeg Pappecongé géif de Patrick Dury "eng gutt Saach" fannen. Dës Mesure misst awer am Kader vun engem "globale" familljepolitesche Konzept ëmgesat ginn. Am Moment wier kee Konzept an der Politik vun der Regierung z'erkennen: "Hei ginn eenzel Saachen erausgepickt. Dat gëtt dann en Highlight, dee fir eng gewëssen Zäit diskutéiert gëtt." Op dat bewosst politesch gesteiert gëtt, wëllt de Gewerkschaftspresident net kommentéieren.

Och mat Vue op d'Chamberwahle wëll den LCGB sech "net an d'Parteipolitik amëschen". Dat wier "en Deel vun der Onofhängegkeet, déi u sech an der Gewerkschaftszeen misst gefleegt ginn," sou de Patrick Dury. Hie wéilt de Politiker dofir "keng Sympathiezensuren" ausdeelen, mä just iwwer "Dossieren" diskutéieren.