Radioen

On air

Resonanzen  |  Richard Strauss (arr. Peter von Wienhardt) - Kleines Scherzino Nr.4, Op. 3 - Arabella Steinbacher (Gei), WDR Sinfonie Orchester, Lawrence Foster (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Panik ass iwwerdriwwen"

Coronavirus

"Panik ass iwwerdriwwen"

Éischt Verdachtsfäll vum neie Coronavirus si bis elo zu Lëtzebuerg negativ ausgefall. Am zoustännege Service am Centre Hospitalier zu Stroossen geet een net dovunner aus, datt deen neie Coronavirus bis op Lëtzebuerg kënnt. An awer wier een esou gutt et geet op méiglech Infektiounsfäll virbereet: Patiente mat héich infektiéise Krankheete ginn deemno an engem Isolatiounszëmmer traitéiert.

auto_stories

3 min

Um éischte Stack vum Centre Hospitalier zu Stroossen ginn et an der Unitéit fir infektiéis Krankheeten am Ganze sechs Isolatiounszëmmer. Fir den neie Coronavirus gëtt et e klore Protokoll, un dee sech jiddweree misst halen, seet den zoustännegen Dokter Christian Mischaux.

Den Dokter Christian Mischaux

Sengen Aschätzungen no géif et awer kee Grond gi fir sech Suergen ze maachen. De Risiko, datt de Coronavirus op Lëtzebuerg géif komme wier kleng. Et wier net onméiglech, mee "et ass méi warscheinlech, datt en net kënnt." Wann een d'Symptomer hätt, "ass et bei wäitem méi warscheinlech, datt een eng Gripp huet".

Dacks ass et just eng Gripp

Den Ament géife vill Leit d'Unzeeche vun enger normaler Gripp mam neie Coronavirus verwiesselen. Grond dofir ass, datt d'Symptomer praktesch déi nämmlecht sinn.

"Virun allem wa Leit a China waren déi lescht 14 Deeg an hunn dono Grippesymptomer developpéiert, dat sinn et virun all déi, déi Verdächteg sinn. Et ass lo net jiddwereen, dee bëssen Houscht oder Féiwer huet a gereest ass. Dat ass kee Coronavirus."

Leit, déi an d'Klinick kommen a Symptomer opweisen, ginn deemno als éischt op den normale Grippevirus getest. Eréischt wann dëse kloer auszeschléissen ass, kënnt e Patient an d'Unitéit fir infektiéis Krankheeten, fir weider Tester ze maachen. Sollt awer ee méi staarke Verdacht vum Ministère virleien, da kënnt e Patient direkt an déi zoustänneg Unitéit.

Soulaang wéi net sécher ass, wat de Patient huet, géif d'Personal vum Spidol eng Mask undoen, Händschen, eng Blus an e spezielle Schutzbrëll, "fir wann eben d'Leit houschten, datt mir d'Viren net an d'Ae kréien oder an d'Nues".

Ee speziellt Isolatiounszëmmer

Den Traitement fënnt an engem Isolatiounszëmmer statt:

"Et muss ee sech virstellen, dat ass en normaalt Zëmmer, mat [...] zwou Dieren, eng éischt Dier, do kënnt een eran [...], da mécht een déi Dier zou. An dann huet een eng zweet Dier, déi een opmécht, wou een da bei de Patient kënnt. Do ass d'Pressioun dann effektiv méi niddreg wéi baussen, fir effektiv d'Mikroben da bannen ze halen."

Duerch e spezielle Ventilatiounssystem, dee mat Drock schafft, ka keng Loft aus dem kontaminéierten Zëmmer erauszéien, sou och d'Catarina Fernandes, Unitéitscheffin vum Fleegepersonal:

"Och mam System de Pressioun, mir hunn e System, deen eis et erlaabt ze kucken, ob e gutt declenchéiert ass. An hei hu mir e ganzt klassescht Zëmmer. Deen eenzege Risiko, oder éischter déi eenzeg Particularitéit ass, déi Fënsteren an Diere mussen natierlech zougespaart sinn, wéinst de Pressiounen. Dat si Consignen, déi bei eis ganz kloer sinn um Niveau vun der Prise en charge bei de Patients infectieux".

Donieft ginn am Isolatiounszëmmer déi meescht Saache just eng Kéier benotzt, an den Offall gëtt anescht verwäert, sou nach d'Unitéitscheffin.

Déi sechs Zëmmer géifen awer och dacks fir normal Patiente benotzt ginn, sou nach den Dokter Christian Mischaux. Am CHL hätt ee sech also op den neie Coronavirus virbereet: Dat och, wann dem Dokter no, den Infektiounsrisiko zu Lëtzebuerg geréng ass.

Der Weltgesondheetsorganisatioun no hu sech weltwäit iwwer 17.000 Leit mam Coronavirus infizéiert.