Radioen

On air

De Moien  |  De Slash, a Lëtzebuergeschen Hard-Rock, an der Rockhal

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pandemiddegkeet beim Spidolspersonal: "Du mierks datt d'Leit ufänke bëssen ofzestompen"

Gesondheetssecteur

Pandemiddegkeet beim Spidolspersonal: "Du mierks datt d'Leit ufänke bëssen ofzestompen"

D'Spidolspersonal versammelt sech iwwer Mëtteg nees fir eng "Minutte Silencieuse" fir d'Öffentlechkeet drun ze erënneren datt si permanent am Asaz sinn. An dat och iwwer d'Feierdeeg. Dofir ass et nach ee mol den Appell u jiddereen fir sech solidaresch ze weisen, an sech impfen ze loossen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

18 Méint schonn ass d'Personal vun de Spideeler un der éischter Front am Kampf géint de Coronavirus. Déi physesch a mental Belaaschtung hellt duerch d'Omicron Variant nach emol e Krack zou. Et wier schwéier d'Licht um Enn vum Tunnel ze gesinn, seet zum Beispill de Frank Gils, Infirmier Anesthesist am CHL.

"Du mierks datt d'Leit ufänke bëssen ofzestompen. Du wëlls dech och selwer schützen an da léiss de ëmmer manner un dech erun. De Probleem ass, eng gewëss Empathie muss awer do sinn fir de Beruff kënne gutt ze maachen."

Et hätt ee méintelaang mat wëssenschaftlechen Daten argumentéiert, fir d'Leit dozou ze bréngen sech Impfen ze loossen. Elo wier awer de Punkt erreecht wou een net méi laanscht eng Impfflicht kéim, esou de Constat dee vun villen gedeelt gëtt. Fir d'Impfen ze promouvéieren, huet en Deel vum Spidolspersonal och d'Campagne "impfewierkt" an d'Liewe geruff. Des Beweegung versteet sech als Géigebeweegung zu den Impfgéigner, déi medial vill Opmierksamkeet kréichen, obwuel se an der Minoritéit sinn, esou de Frank Gils.

"Fir eis gesäit dat aus, wéi wann dat Iwwerhand hëllt. Wann een d'Medië kuckt, kënnt ee bal mengen et wier keen aneren do an dat wier d'Mainstream Meenung. Menger Meenung no ass dat Mainstream Meenung net."

D'Campagne versteet sech als apolitesch, an dach schiele sech konkret Fuerderungen u Politik a Gesellschaft eraus. De Secteur leit ënnert enger chronescher Ënnerbesetzung, ouni déi 70 Prozent vum Personal, dat aus dem Ausland kënnt, wier et kaum méiglech d'Populatioun medezinesch ze versuergen. Et wéilt een d'Leit op dës Realitéit opmierksam maachen, seet den Metty Cungs vum HRS.

"Jiddweree gesäit d'Wichtegkeet, mee et mierkt ee schnell, et kritt ee geklappt, mee puer Méint drop hunn d'Leit sech erëm genau sou beschwéiert oder vläicht méi wéi virdrun."

Elo wou duerch d'Pandemie bedéngt de Secteur méi medial Opmierksamkeet kréich, misst de Moment genotzt fir hir Fuerderungen nach méi verstäerkt un d'Ëffentlechkeet ze droen. Et dierft net sinn datt d'Problemer vum Gesondheetssystem no der Pandemie vergiess ginn.