Den Zuele vum Statec, déi um Méindeg publizéiert goufen, no ass Lëtzebuerg an der EU dat éischt Land an deem sech de sougenannte Gender Pay Gap en Faveur vun de Fraen evoluéiert. De Paul Reiff, deen dës Etüd realiséiert huet, seet, datt dat ënner anerem op den "Education-Gap" zeréckzeféieren ass. An der Moyenne hätte Fraen e méi héijen Uniofschloss, an d'Lëtzebuerger Ekonomie wier zentréiert op Secteure mat héich qualifizéierte Leit.
Realitéit "méi komplex"
Den Gender Pay Gap gëtt EU-wäit d'selwecht berechent. Dat erliichtert e Verglach, mee bréngt och Limitte mat sech. Verschidde Saache géifen an dëser Zuel guer net berécksiichtegt ginn, esou de Paul Reiff, sou datt dësen Indicateur elo net alles iwwer d'Realitéit ausseet, "well d'Realitéit e bësse méi komplex ass wéi just déi eng Zuel."
Dat bedauert d'Directrice vum nationale Fraerot, kuerz CNFL, Anik Raskin. Fir si ass den Gender Pay Gap jee no Branche immens opfälleg: "op 17 Branchë sinn der 13 wou de Stonneloun ouni Primmen nach ëmmer e ganz anert Bild ofgëtt." D'Ënnerscheeder an der Bezuelung tëscht Männer a Frae géife vun 0,4 bis zu 23 Prozent leien.
Obwuel an der Majoritéit vun den Aktivitéitssecteuren de Stonneloun bei Männer méi héich ass wéi fir Fraen, läit den Gender Pay Gap quasi bei Null. De Paul Reiff vun der Statec seet, dat géing doru leien, datt Frae proportionell méi heefeg a Secteure mat héijem Stonneloun schaffen. Frae wiere wuel vill an de mëttlere bis héije Gehaltsklasse vertrueden.
CNFL fuerdert weider Statistiken
Mee an den héchste Gehaltsklasse si Frae laut Statec awer ënnerrepresentéiert. D'Anik Raskin seet, datt d'Evolutioun vun der Beruffskarriär fir eng Fra anescht wier a méi dacks géif ënnerbrach ginn, respektiv eng Reduktioun vun der Aarbechtszäit géif hunn.
D'Directrice vum CNFL fënnt Moyennen net oninteressant, fir eng éischt Indikatioun ze kréien, mee si fuerdert insgesamt méi detailléiert a reegelméisseg Statistiken, déi all Facteuren en Compte huelen. Et géif drëms goen, "de Problem ze léisen, (...) net drëms de Problem ewechzeschwätzen".
CSL gesäit weiderhin grouss Diskrepanzen
D'Chambre des Salariés betount an hirer neister Editioun vun den Econews, datt et besonnesch um Niveau vun der Muechtverdeelung nach grouss Inegalitéite ginn. Effektiv géif den Gender Pay Gap nëmmen den Ecart salarial tëscht Männer a Fraen um Niveau vun der Gesamtwirtschaft vergläichen an net Persounen a vergläichbare Liewenssituatiounen nieftenee stellen, déi also d'nämmlecht al sinn, de selwechte Schoulofschloss hunn an am nämmlechte Beräich schaffen.
Dat géif bis elo nach keen Indicateur um europäeschen Niveau maachen. D'Chambre des Salariés analyséiert awer d'Zuele fir Lëtzebuerg vum Genderequality-Index vum europäeschen Institut fir d'Egalitéit tëscht Mann a Fra, deen op Zuele vun 2020 baséiert. Dësen Index moosst d'Egalitéit vu Mann a Fra op enger Leeder vun 1 bis 100, woubäi 100 de perfekten Equiliber representéiert. Lëtzebuerg situéiert sech deemno mat 73,5 Punkten an der EU op der 9. Plaz: iwwert der europäescher Moyenne, awer ënnert beispillsweis eisen Nopere Frankräich an d'Belsch.
Grouss Diskrepanze gesäit ee beispillsweis am Beräich vun de Connaissancen: Wa béid Geschlechter och e gudden Accès zu enger schoulescher Ausbildung hunn, gëtt et eng staark Segregatioun um Niveau vun den Héichschoulen - hei läit den Index bei 55,2 Punkten: D'Coursen an de Sektiounen Educatioun, Gesondheet, Bien-être, Sciences humaines a Konscht gi vill méi vu weibleche Studentinne besicht ewéi vu Männer. En Indicateur fir déi staark Feminisatioun vun de Gesondheetsberuffer, sou d'CSL.
Wéineg Fraen op héijen Positiounen
E ganz groussen Ecart gëtt et awer och am Domaine vun der Muechtverdeelung: An hei sinn d'Männer majoritär present: Um Niveau vu Regierung a Chamber läit den Undeel u Frae bei nëmme 35 Prozent, dat si just zwee Prozentpunkte méi wéi déi europäesch Moyenne. An der Wirtschaft ass d'Situatioun nach méi akut: Hei sëtzen nëmme ronn 24 Prozent Fraen an de Verwaltungsréit oder an den Direktiounen.
D'Salariatskummer präziséiert weider, datt och d'Hausaarbechten an d'Kannerbetreiung nach ëmmer haaptsächlech vun de Fraen assuréiert ginn. D'Geschlechteregalitéit kéint een deemno net just un de finanzielle Moyene vu Mann a Fra moossen, schreift d'Salariatskummer ofschléissen. Do hannendrun géifen sech nach ganz aner Dimensiounen opdinn a vill Beräicher wieren ëmmer nach dem Mann virbehalen.