Radioen

On air

Tockcity  |  Royel Otis - Murder On The Dance Floor - Triple L Like A Version

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pacte Logement 1.0: Ziler goufen net erreecht

Monitoring vum LISER

Pacte Logement 1.0: Ziler goufen net erreecht

Den éischte Pacte Logement war vun 2008 bis 2020 a Kraaft, 96 vun 102 Gemengen haten en ënnerschriwwen. Mee e groussen Deel vun deene Gemengen hunn hir Wuesstums-Ziler verfeelt. Dat geet aus dem Monitoring ervir, deen de LISER en Donneschdeg an der Logementskommissioun vun der Chamber presentéiert huet.

auto_stories

2 min

Symbolbild. Foto: Puttachat Kumkrong / Bigstock

Lauschterenplay_arrow


D'Zil vum éischte Pacte Logement war et, an den demografesche Wuesstem vun de Gemengen ze investéieren an hir Awunnerzuel ëm op d'mannst 15 Prozent an zéng Joer eropzesetzen.

Als Konterpartie sollt de Staat en Deel vun de Käschte fir nei Wunnengen iwwerhuelen, déi d'Gemengen op hirem Territoire bauen. Vun de 96 Gemengen, déi d'Konventioun ënnerschriwwen hunn, hunn ee Fënneftel dovun dat Zil net erreecht.

Abordabel Wunnenge sinn net an ëffentlecher Hand bliwwen

Datt de Pacte Logement 1.0 als Echec kann ugesi ginn, läit dem Logementsminister Henri Kox no, dodrun, datt vill vun den abordabele Wunnengen net an ëffentlecher Hand bliwwe sinn, mee u privat Persounen verkaf gi sinn.

Dat hätt net dierfen esou sinn, seet de Logementsminister. Dofir wier d'Obligatioun haut, fir keng esou Wunnenge méi u privat Leit ze verkafen.

Beim zweeten, iwwerschaffte Pacte Logement sollen elo, anescht ewéi beim Éischten, d'Subventiounen un d'Schafe vun abordabele Wunnenge gebonne sinn. Fir dat ze garantéieren, gëtt den Ament zesumme mat de Gemengen un hire Stratégies Communales am Wunnengsbau geschafft, esou nach de Logementsminister Henri Kox.

Kritik vun déi gréng an déi Lénk

Aus dem Monitoring vum LISER geet ervir, datt vun den 478 Milliounen Euro, déi de Staat am Kader vum éischte Pacte Logement ausbezuelt huet, bal een Drëttel bis Enn vum leschte Joer nach net ausgi goufen. 37 Prozent vun den Investissementer sinn a Schoulen, 22 Prozent a Maison-relaisen a Crèchen, an 12 Prozent a Sport- a Kulturinfrastrukture gefloss.

Dat kritiséiert d'Semiray Ahmedova, d'Presidentin vun der Logementskommissioun an Deputéiert vun déi gréng. Si seet, datt d'Zil vu Logementer baue verfeelt gi wier, an datt et sech éischter ëm een "Infrastruktur-Pacte" géif handelen.

Der Vertriedung vun déi Lénk an der Logementskommissioun, Nathalie Oberweis, no, huet et u konkrete Planifikatiounsmesure gefeelt:

"Deemno ass de Wuesstem eigentlech kunterbunt an zimmlech wëll gewuess iwwerall ouni e klore Kader. An dat ass dat, wat mir bemängelen, virun allem wann een op eng ekologesch a respektvoll Aart a Weis denkt ze wuessen."