Radioen

On air

9 bis 1  |  FKA Twigs - Perfect Stranger

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Den Ouschterweekend an der Stad Lëtzebuerg

Tourismus

Den Ouschterweekend an der Stad Lëtzebuerg

De Luxembourg City Tourist Office zitt e positive Bilan vum Ouschterweekend. Am meeschten hätten d'Eemaischen an d'Péitruss-Kasematten d'Touristen ugezunn. Et sinn der awer nëmmen hallef sou vill wéi virun der Pandemie.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Dat gutt Wieder hätt gehollef, datt vill Leit fir den Ouschterweekend an d'Stad Lëtzebuerg komm wieren, erkläert den Tom Bellion, Direkter vum Tourismusbüro vun der Stad Lëtzebuerg. Vill Visites Guidéeë wieren ausgebucht gewiescht.

30 Prozent méi Touristen wéi d'lescht Joer

Haapt-Attraktioune wieren nieft der Eemaischen an de ville Muséeën an der Stad Lëtzebuerg och d'Péitruss-Kasematte gewiescht. Déi goufe Karfreideg erëm opgemaach an hätte vill Touristen ugezunn.

Méi wéi 2000 Leit wiere um Gréng Donneschdeg beim Bureau Touristique passéieiert fir Informatiounen ze kréien. Den Tom Bellion ënnersträicht, datt dat 30 Prozent méi wiere wéi d'Joer virdrun.

Et géing een d'Reprise am Verglach mat de Jore virun der Pandemie mierken, mee et wier een nach net um selwechten Niveau erëm ukomm. Am Verglach, wiere virun der Pandemie duebel sou vill Leit um Ouschterweekend an den Tourismusbüro vun der Stad komm.

Touriste kommen aus aller Welt a Lëtzebuerg

De Gros vun den Touriste wieren dëst Joer aus Holland an aus den Nopeschlänner ugereest. Dovunner wieren déi meescht aus Däitschland. Si hätten een Drëttel vun de Visiteuren dëse Weekend ausgemaach.

Dëst Joer kënnt dobäi, datt och rëm kleng Gruppe vun Touristen aus anere Kontinenter, wéi Asien a Südamerika, a Lëtzebuerg gereest wieren. Den Tom Bellion bleift optimistesch, datt 2023 rëm eng gutt Saison kéint ginn.