Fräie Mikro Ouni Wunnraum gëtt et och keen "abordabele" Wunnraum

Et gëtt gesot de Wunnraum zu Lëtzebuerg wier ze deier. Dofir versprécht de Wunnengsbauminister elo "abordabel" Wunnengen ze schafen. Déi Demonstranten, déi dofir op d'Strooss ginn, sollen da wuel mengen, si wiere bei deene Glécklechen, déi esou eng fannen. De Jean-Jacques Rommes, laangjärege Vertrieder vun der Bankenassociatioun ABBL a vum Patronatsdaachverband UEL, zweiwelt dorun.

Meenung Jean-Jacques Rommes
De Jean-Jacques Rommes ass laangjärege Vertrieder vun der Bankenassociatioun ABBL a vum Patronatsdaachverband UEL a Vizepresident vum Wirtschafts- a Sozialrot. Foto: Archiv

Et gi jo Leit, déi sinn der Meenung, de fräie Maart géing net funktionéieren, well soss misst et dach méiglech sinn, datt ee sech fir eng eenegermoosse gutt Pai och eng Wunneng leeschte kann. Tatsaach ass: de Wunnengsmaart funktionéiert zu Lëtzebuerg tadellos a genau dofir ka bal keen sech méi eng Wunneng bezuelen.

D'Wieler hu bis elo manner gelidde wéi profitéiert

D'Zuele sinn eendeiteg: an de leschten 20 Joren si mir vu ronn 440.000 op ronn 640.000 Awunner gewuess, dat entsprécht zéng Mol der Stad Diddeleng. Am selwechten Zäitraum sinn d'Aarbechtskräften ëm ronn 80 Prozent gewuess, wat konkret heescht, datt eng hallef Millioun Leit zousätzlech e potentiellt Interessi hunn hei ze wunnen. Wéi vill méi Wunnenge bäikoumen, weess keen esou genau, well et bis viru sechs Joer kee Register dofir gouf.

De STATEC schätzt, datt mir all Joer 6-8.000 Wunnenge misste bäikréien. Eis aktuell Vitesse de croisière leit tëschent 3 a 4.000 Neibauten zu deenen de Staat an d'Gemenge villäicht 10 Prozent bäidroen. Zënter méi wéi 20 Joer feelen all Joer weider 3.000 Stéck. Do braucht ee wierklech kee genialen Ekonomist oder béisaartege Spekulant ze sinn, fir sech ze denke wou d'Wunnengspräisser hi ginn.

Gläichzäiteg gouf et an deenen 20 Joer eng Rei Epiphénomener déi meeschtens d'Demande gesteigert hunn: Bëlleg Zënse fir ze léinen, länger Remboursementszaïten, bëllegen Acte, gréisser Surfacen a manner Leit pro Wunneng, Penurien am Bau an deem entspriechend onelastesch Präisser, null Zënsen op Bank-Konten, administrativ Schikane vun enger Rei Verwaltungen, déi d'Baue bremse géintiwwer engem Logements-Ministère dee kaum Kompetenzen huet. Alles dat huet d'Präisser gedriwwen, mee och erlaabt, datt den Undeel u stolze Proprietären an där Zäit weider gewuess ass vu 67 op spektakulär 71 Prozent. Zumindest d'Wieler hu bis elo manner un där Entwécklung gelidde wéi profitéiert.

Wéi Hong an Ee

Spekulatioun a Raritéit stinn zouenee wéi Hong an Ee: Esou laang wéi den Defizit u Wunnraum weider zouhëlt, wäert jidderee Recht behalen, deen op weider Präis-Haussë setzt. Nach si mir wäit ewech vun enger Spekulatiouns-Blos. Esou eng Blos platzt, wann a Saachen investéiert gëtt, déi kee brauch. Lëtzebuerg par contre brauch dringend Wunnengen an eis Kafkraaft bleift weiderhin héich. Also ass weider Inflatioun vun de Wunnengspräisser onëmgänglech.

"Abordabel" gëtt de Wunnraum och net vun deene puer Dose Wunnengen, déi de Fonds de logement an d'SNHBM pro Joer bauen. Si sinn emol keng Drëps op de waarme Präis. Wann 100 Leit sech ëm 90 Wunnenge streiden, bleiwen der 10 op der Streck an 90 bezuelen ze deier. Et hëlleft dann net vill, wann de Staat an d'Gemengen annoncéieren si géifen deemnächst fir e Brochdeel vun de Leit de Präis niddreg halen. Et geet um Enn nëmmen ëm Finanzéierbarkeet an ëm Gesamt-Volummen. Wann déi privat Promoteuren net iwwer déi ganz Breet bauen, wäert et nach esou bal net genuch "abordabelen" Wunnraum ginn.

Dat Alles heescht net, datt de Staat keng Roll hätt oder datt et falsch wier d'Hand op engem gréissere Wunnengspark ze behalen. Mee hie muss prioritär déi aktuell 2.800 Hektar Bauland am bestoende Perimeter mobiliséieren. Dofir si Steiere méiglecherweis eng Schrauf. An et geet op d'Dauer net duer mat e puer Schrauwen, och wann et déi richteg sinn. Et geet drëms sech Kloerheet ze verschafen, wéi vill Wunnraum insgesamt wéini gebraucht gëtt an dofir ze suergen, datt deen entsteet. Firwat soll de Staat sech net déi néideg Terrainen ausserhalb dem bestoende Perimeter bëlleg appropriéieren? Wat um Kierchbierg viru 60 Joer gaangen ass a wat fir Google haut geet, muss fir dee bei wäitem gréisste sozialen Noutstand am Land och goen.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.

An der Mediathéik:

Fräie Mikro / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

Wunnhaiser
Zejoert

D'Hausse bei de Logementspräisser zu Lëtzebuerg zejoert wieren net just op Spekulatioun, mee virun allem op eng grouss Demande zeréckzeféieren, esou de Julien Licheron vum Observatoire de l'Habitat.

Wunnhaiser
Ausbléck

D'Wunnengsnout ass ee Problem, dee duerch d'Pandemie nach méi wéi soss an d'Luucht geréckelt gouf. De Logementsminister huet Projeten a Reforme fir déi kommend Joren an d'Weeër geleet. Een Ausbléck.

Tom Becker
Logement zu Lëtzebuerg

De Geograph Tom Becker vermësst eng iwwergräifend Strategie fir de Logementsproblem ze léisen. De Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg seet, et wier wichteg, datt de Staat, d'Gemengen an déi privat Acteure sech besser berode loossen.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen