Radioen

On air

Resonanzen  |  Wolfgang Amadeus Mozart - Sonat fir Piano Nr.10 an Do Majeur, K330, III. Allegretto - Jean Muller (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Online Shopping - ouni Grenzen

Online-Handel

Online Shopping - ouni Grenzen

Online akafen soll an der EU méi einfach ginn. Eng EU-Direktiv huet dowéinst de But, de sougenannten onfaire Geoblocking ofzeschafen. Europäesch Konsumente sollen iwwerall an der EU alles online zu deenen nämmlechte Konditiounen akafe kënnen, egal wou si wunnen. Allerdéngs gëtt et weiderhi Grenzen am Netz: Déi nei Regele gëllen nämlech net fir Filmer, Musek oder elektronesch Bicher. Dofir hat sech d'Europaparlament agesat, konnt sech awer net duerchsetzen.

auto_stories

4 min

Wie méi dacks online shoppe geet, kennt de Problem: Et huet een endlech dat Richtegt am Netz fonnt, et klickt ee sech duerch all déi Formulairen a ganz um Schluss kennt eng Fënster, déi seet, datt dëse Produit net zur Verfügung steet, well ee keng Adress am richtege Land huet. Oder d'Kreditkaart gëtt net ugeholl mam nämmlechten Argument.

Dat soll elo anescht ginn. D'Europaparlament huet dës Woch gréng Luucht ginn, fir den onfaire Geoblocking ofzeschafen. Den 20. November ware sech Europaparlament, EU-Kommissioun an d'Regierungen aus den 28 EU Memberlänner iwwer nei Regele fir den Online-Handel eens ginn.

Keng Diskriminéierung vun auslännesche Clienten

Et war ee Kompromëss, dee villen am Parlament net wäit genuch geet. Déi nei Regele forcéieren d'Händler, hir Produiten a Servicer fir d'Konsumenten an der ganzer EU accessibel ze maachen. Fir jidderee sollen déi nämmlecht Konditioune gëllen. Dozou gehéiert net nëmmen de Präis. Et soll an Zukunft och net méi méiglech sinn, eng auslännesch Kreditkaart ze refuséieren, oder et zum Beispill Cliente wéinst enger Adress am Ausland onméiglech ze maachen, sech ze registréieren.

57 Prozent vun allen EU-Bierger hunn zejoert eppes online kaf. Een Drëttel vum Online-Shopping gouf op enger auslännescher Säit gemaach. Enger Etude vun der Kommissioun no klappt esou eng grenziwwergräifend Shoppingtour am Netz awer nëmmen an eppes iwwert 30 Prozent vun de Fäll. Am meeschte Problemer hu Consommateuren a klenge Länner, also zum Beispill zu Lëtzebuerg.

Geoblocking gëllt weider fir Musek, Filmer an E-Bicher

Déi nei Regele gëlle fir Miwwelen, elektresch Apparater, Kleeder, fir online Servicer oder och fir Concertsticketen. Grousse Bemol bei der Saach: Exclu sinn all audiovisuell Servicer op deenen ee Copyright ass. Dowéinst kéint een och net soen, datt de sou genannte Geoblocking ofgeschaaft ass, seet d'Julia Reda, Europadeputéiert vun deene Gréngen.

D'Film- a Museksindustrie hätt sech mat Hänn a mat Féiss gewiert a sech am Fong dofir agesat, datt den eenheetlechen europäesche Marché net zustane kënnt, mä datt e weider an national Portiounen opgedeelt ass.

Copyright als Virwand

Et waren um Enn eng ganz Partie national Regierungen, déi dës Astellung iwwerholl hunn. D'EU-Parlament huet sech agesat, ass awer um Schluss net duerchkomm. D'Rapportrice vum Europaparlament, déi polnesch Deputéiert Roza Thun, werft de Länner Protektionismus vir.

D'Parlament hat e Kompromëss proposéiert, no deem de Geoblocking just dann opgehuewen wier, wann en Händler d'Droits d'auteuren an all deene Länner huet, wou e verkeeft. Och dat goung net duerch. D'Kënschtler an den Droit d'auteurs wieren hei e bëssen als Pretext geholl ginn, seet d'Julia Reda, wëll ee Kënschtler keen Nodeel vun där Regelung hätt, déi d'Parlament proposéiert hat. Ze verhënneren, datt Kultur am Ausland accessibel ass, wier och keng europäesch Iddi, fënnt d'Roza Thun.

Evaluatioun an zwee Joer

"Eise System ass an dësem Sënn almoudesch", sot zu Stroossbuerg den zoustännegen EU-Kommissär Andrus Ansip. Hie géif hoffen, datt d'Reegelen enges Daags nach eng Kéier geännert ginn. Dat kléngt net ze vill optimistesch. Och d'Roza Thun seet, et wier ee schwierege Wee.

Gewiert hu sech virun allem Länner wéi Schweden, wou Spotify doheem ass, oder Frankräich. Fir d'Julia Reda geet et virun allem drëms, déi grouss Länner z'iwwerzeegen. Et ass nach net alles verluer. Nodeems déi nei Regelen um Enn vun dësem Joer a Kraaft sinn, soll d'Europäesch Kommissioun no zwee Joer eng Evaluatioun maachen - dora soll dann och den Enn vum Geoblocking fir Filmer, Elektronesch Bicher a Musek nach eng Kéier consideréiert ginn.