Radioen

On air

Notturno  |  Stella Donnelly - Lungs

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ouni Avis vum Staatsrot kee Gesetz zu de Sammelkloen

Nico Hoffmann

Ouni Avis vum Staatsrot kee Gesetz zu de Sammelkloen

An engem oppene Bréif kritiséiert de Konsumenteschutz ULC de Staatsrot, well deen nach keen Avis zu de sougenannte Sammelkloe formuléiert huet. Gefaart gëtt, datt d'Gesetz net virun de Wale kann a Kraaft trieden.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


De Staatsrot huet och d'lescht Woch keen Avis zum Gesetzprojet formuléiert. D'Gesetz iwwer d'Sammelkloen ass fir de Konsumenteschutz awer ganz wichteg. Ouni Avis kann déi zoustänneg Chamberkommissioun net um Gesetzprojet schaffen, bedauert de President vum Konsumenteschutz, den Nico Hoffmann.

Innovatiivt Gesetz iwwer Sammelkloen

Dee Gesetzprojet ass innovativ: nieft der Sammelklo ass et och d'Méiglechkeet baussent de Geriichter eng Mediatioun anzeféieren, ënnersträicht den Nico Hoffmann.

"Et ass wichteg, datt ee baussent de Geriichtsprozeduren een Accord ka fannen. Mir wëssen alleguerten, datt wann een duerch all déi Prozeduren iwwer d'Geriichtsinstanze muss goen, wéi laang dat kann daueren. Dofir begréisse mir als Konsumenteschutz, datt do eng Zort Mediatioun tëscht de Parteien en cours de route ëmmer méiglech ass, wat éischtens immens vill Zäit spuert, an zweetens kënne vill Fraise gespuert ginn."

Dossiere mussen nach ëmmer individuell ageklot ginn

D'Konsequenze si fir d'Konsumenten enorm, well een all Dossier eenzel muss traitéieren. Iwwer eng Sammelklo zu deem selwechte Litige kéint ee méi séier zu engem Resultat kommen, erkläert de Nico Hoffmann.

"Ech erënneren drun, datt mir véier Konsumenten individuell am Dossier VW Dieselgateprozess begleeden. Dat ass eng Prozedur, déi elo zanter bal fënnef Joer leeft, wou mir och um Fong op een éischt Urteel waarden. Do gesäit een, wéi wichteg esou ee Gesetz iwwer Sammelkloe fir d'Konsumenten hei ass."

Konsumenteschutz fäert, datt d'Gesetz net virun de Walen a Kraaft trëtt

D'Gesetz iwwer Sammelkloen transposéiert eng EU-Direktive, déi schonn am Dezember d'lescht Joer an nationaalt Recht hätt sollen ëmgesat ginn. Mee de Gesetzprojet ass scho méi laang am Gespréich, betount de Nico Hoffmann.

"Et muss een och wëssen, datt dat schonn an der leschter Legislaturperiod um Programm stoung. Déi ass vergaangen. Dunn ass den Text nach ee Mol op de Leescht geholl gi vun der neier Justizministerin. Bis elo ass een an deem Dossier nach ëmmer hannendran, an et ass ze fäerten, datt wann dat net viru geet, datt dat Gesetz net ka virun de nächste Wale gestëmmt ginn an a Kraaft trieden."