Chamberwahlen 2018 Osten: Status quo trotz Stëmmeverloscht

D'CSV verléiert siwe Prozentpunkten, mee behält hir dräi Sëtz. D'Pirate leeë prozentual staark zou, mee kréie kee Sëtz.

IMG_8844(1).JPG

Als éischte Bezierk ass den Osten elo komplett ausgezielt. An deemno géif alles beim Ale bleiwen:

  • D'CSV behält dräi Sëtz, gewielt sinn: Françoise Hetto-Gaasch, Octavie Modert a Léon Gloden
  • D'DP behält zwee Sëtz, gewielt sinn: Lex Delles an de Gilles Baum
  • D'LSAP behält ee Sëtz, gewielt ass den Nicolas Schmit
  • déi gréng behalen ee Sëtz, gewielt ass d'Carole Dieschbourg

Et fält op, datt d'Pirate staark zougeluecht hunn: ronn siwe Prozent par rapport zu 2.69 Prozent 2013. Dat geet awer net duer fir een Deputéiertemandat.

Och bei der ADR war et ganz knapp. Déi 9.58 Prozent, also liicht méi wéi 2013, ginn net duer fir ee Mandat.

déi Lénk bleiwe stabel bei ronn dräi Prozent. An d'KPL kënnt op 0,67 Prozent (2013 waren et 0.79 Prozent).

Éischt Reaktiounen

"Mir hunn am Osten dräi Sëtz behalen, dat ass déi gutt Noriicht". Sou d'Analys vum CSV-Ost-Deputéierte Léon Gloden. D'Analys misst een à Tête reposée maachen. Et géif en nationalen Trend fir d'Piratepartei ginn, déi gréng hätten am Oste gewonnen, dat misst een zur Kenntnis huelen.

Reaktioun: Léon Gloden

Den Nicolas Schmit (LSAP) schwätzt vun "engem groussen Deel vu Protestwieler, déi dës Kéier d'Piratepartei gewielt hunn, datt mir zwar liicht verluer hunn, mee vill manner, wéi déi gréissten Oppositiounspartei".

Reaktioun: Nicolas Schmit

déi gréng sinn am Oste vun 13 Prozent op 16,5 Prozent geklommen. D'Spëtzekandidatin am Osten, Carole Dieschbourg, begréisst dat Resultat. Si erkläert d'Hausse domat, datt déi gréng als klenge Partner an der Koalitioun mat hirer Aarbecht iwwerzeege konnten. "An eben och Punkte setze wou mir dofir stinn."

D'Carole Dieschbourg huet e perséinleche Score vun 9752 Stëmmen. Op zweet Plaz kënnt de Henry Kox mat 5995 Stëmmen. Als Minister hätt een do ee Virdeel, mengt d'Carole Dieschbourg.

Reaktioun: Carole Dieschbourg

Datt vun de Regierungsparteien déi gréng am Trend den Ament virun allem zouleeën, kommentéiert si sou: "Dat eenzegt wat ech kann dozou soen, ass vläicht datt d'leit sech Suerge maachen am Beräich Mobilitéit, am Beräich Ëmwelt a Klima an dat sinn zwee Beräicher fir déi mir stinn. An dofir ass dat villäicht och eng Unerkennung vun där Aarbecht an deene Beräicher wou mir och d'Ressortministeren haten."

Méi zum Thema

Live Ticker
Chamberwahlen 2018

Bleift de ganze Wahlsonndeg um Courant, iwwer déi neisten Entwécklungen, Resultater, Kommentaren an Analysen iwwer d'Chamberwahlen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen