Den iwwernächste Sonndeg leeft dat aktuellt Covid-Gesetz aus - d'Chamber wäert also d'nächst Woch iwwer een neit Gesetz mussen ofstëmmen. Ee virleefegen Zäitplang steet, de Mars Di Bartolomeo, President vun der Santéskommissioun, geet dovun aus, datt d'Regierung iwwer de Weekend wäert Conclusiounen huelen an decidéieren, ob weider ka gelackert ginn oder net.
Ze fréi, fir Mesuren ze antizipéieren
Et gëtt eng Grëtz Optimismus, deen awer net definitiv ass, de Mars Di Bartolomeo. "D'Zuelen hu sech gutt entwéckelt, ouni datt een elo scho Victoire soll jäizen."
Och bei de Gréngen ass d'Josée Lorsché éischter virsiichteg, stellt awer och fest, datt d'Mesuren Enn des Joers gewierkt hätten. Fir elo schonn ze antizipéieren, wat fir Decisiounen de Weekend musse geholl ginn, wier awer definitiv ze fréi, sou d'Josée Lorsché.
Oppositioun gesäit eng positiv Entwécklung
Och op Säite vun der Oppositioun gesäit een eng positiv Entwécklung a Richtung vu enger Stabiliséierung vun den Zuelen op méi nidderegem Niveau. Dat géif awer net duergoen, seet de Sven Clement vun der Piratepartei, et dierft ee sech net mat 127 Neiinfektiounen op 100.000 Awunner zefridde ginn.
Och bei der CSV gesäit een och hei eng positiv Entwécklung, Lëtzebuerg hätt ee Wee gemaach bannent engem Mount, seet de Claude Wiseler, mee d'Lag wier volatil. Et hätt een d'Situatioun vun den Nopeschlänner an an aneren europäesche Länner am Bléck. Et kéint een nach net genee soen, wat een an zwou Woche misst maachen.
Sollt d'Regierung sech iwwer de Weekend op nei Oplockerungen eens gi well d'Zuelen sech gutt entwéckelen, da misste Caféen a Restauranten erëm opmaachen, fuerdert de Jeff Engelen vun der ADR.