Radioen

On air

Tockcity  |  Draag - Orb Weaver

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Optimismus a Solidaritéit bei de Lëtzebuerger Wënzer

Wäibau

Optimismus a Solidaritéit bei de Lëtzebuerger Wënzer

Déi Lëtzebuerger Wënzer kucken de Moment optimistesch op d'Recolte vun dësem Joer. De ville Reen hätt de Wéngerten net geschuet, heescht et, am Géigendeel. An déi Lëtzebuerger Wäibaugebidder goufen och just liicht vum Héichwaasser getraff.

auto_stories

2 min

Foto: Terroir Moselle

Lauschterenplay_arrow


Ganz anescht gesäit et am däitschen Ahrtal aus, dat fir seng Wäiner bekannt ass. Do ass de Schued no den Iwwerschwemmungen och bei de Wäibaueren héich. Hëllef kréien d'Wënzer do haut vun hire Kolleege vun der Lëtzebuerger Musel. "Terroir Moselle", ee grenziwwerschreidende Gruppement vu Wäibaueren, huet d'Initiative lancéiert. Et geet ëm Solidaritéit.

D'Situatioun an de Wéngerten a Wäikellere vum Ahrtal wier dramatesch, seet de Marc Weyer, President vun Terroir Moselle a vun de Lëtzebuerger Wäibau-Verbänn. Wéngerte goufe komplett zerstéiert oder verdreckst, Wënzer sti mat eidelen Hänn do. "Déi Betriber hunn u sech guer näischt méi", d'Recolte vun 2020 déi nach am Keller louch wier zerstéiert an d'Tanke fortgeschwommen.

Solidaritéit ënner de Wënzer

Mat engem Bus, deen de Lëtzebuerger Landwirtschaftsministère bezilt, si gutt 20 Wënzer vun der Lëtzebuerger Musel lo ënnerwee an d'Katastrophegebitt, fir do an de Wäibierger dat ze rette wat nach ze retten ass. D'Lëtzebuerger Wënzer bréngen hiert eegent Handwierksgeschier mat a versichen elo an de Wéngerten ze schneiden.

De Marc Weyer beschreift d'Aktioun als Selbstverständlechkeet:

"Et ass vläicht nëmmen eng Drëps op de waarme Stee bestëmmt, mee iergendwou ass et awer och eng Aktioun vun der Solidaritéit mat de Kolleegen."

Op dëser Säit vun der Grenz sinn d'Wënzer gréisstendeels vun den Iwwerschwemmunge verschount bliwwen. Nach wier et schwéier fir definitiv ze soe wéi de Joergank 2021 kéint ausfalen. Mee déi aktuell Wiederkonditioune wiere fir d'Wéngerten éischter gutt:

"D'Leit beschwéieren sech, jo et ass kee Summer an deem Sënn, mee wann ee kuckt, d'Statistik vun der Meteo, déi war jo ëmmer ee Grad oder souguer eppes weider wéi ee Grad méi héich wéi de laangjäregen Duerchschnëtt. Fir de Wéngert war et u sech ideal, en huet Waasser genuch."

Villes hänkt awer och nach den nächste Wochen a Méint of, sou de Marc Weyer, mee mat enger éischter spéider Recolte dëst Joer rechent.