Cyclissem Optakt vum Tour de Lëtzebuerg

Muer ass den Optakt vum Tour de Lëtzebuerg am Cyclissem. Net mat engem Prolog, mee gläich mat enger Etapp mat Depart an Arrivée um Kierchbierg.

cht / isc / tt

Das Peloton im Anstieg zur Girsterklaus.
Foto: Tour du Luxembourg / Serge Waldbillig

Bis e Samschdeg rullt de Peloton - 21 Ekippe mat jee 6 Coureuren - 740 Kilometer queesch duerch d'Land. D'Kinneksetapp ass um Mëttwoch, wou d'Montée op Eschduerf, mat bis zu 11 Prozent Steigung, direkt dräi Mol gefuer gëtt. De Vainqueur vun dëser 81.Editioun gëtt nees no der Arrivée bei der Victor Hugo-Hal um Lampertsbierg gefeiert.

Leschten Optrëtt fir de Ben Gastauer

Den Titelverdeedeger Diego Ulissi wäert dëst Joer net un de Start goen, dofir awer eng Rei Coureuren, déi sech bei aneren Etappecoursse schonn en Numm gemaach hunn: dorënner de Portugis Joao Almeida, de Kolumbianer Nairo Quintana an d'Fransousen David Gaudu an Thibaut Pinot.

Fir de Bob Jungels ass et déi éischt Course no iwwer 3 verletzungsbedéngt Méint Paus. Fir de Ben Gastauer wäert et déi lescht Course a senger professioneller Karriär sinn.

Zejoert goufen et jo e puer Incidente beim Tour: d'Coureuren haten aus Suerg ëm hir Sécherheet souguer ee Moment gestreikt. Dofir gouf d'Securitéits-Konzept zanter dem leschte Joer iwwerschafft, an dobäi stoung d'Sécherheet vun de Coureuren am Mëttelpunkt, sou den Tour-Direkter Andy Schleck. Et wier een elo op engem Sécherheetsniveau, deen ee bis elo "nach bei kenger Lëtzebuerger Course esou" hat.

D'Police biet d'Leit, sech am Virfeld iwwer méiglech Fermeturen a Perturbatiounen op der Strooss ze informéieren an d'Signalisatiounen op der Strooss ze respektéieren. Och eng Parti Busser ginn ëmgeleed respektiv wärend der Manifestatioun suppriméiert.

Méi zum Thema

Ben-Gastauer.jpg
Sport

Fir de Ben Gastauer ass dëst seng lescht Saison um Vëlo, dat deelt seng Ekipp AG2R-Citroën mat. Säi leschten Optrëtt wäert beim Tour de Luxembourg vum 14. bis den 18. September sinn.

Tour de Luxembourg
Vëlossport

Haut ass déi 80. Editioun vun der Skoda Tour Luxembourg gestart. Anescht wéi an de Jore virdrun, ass Course net am Summer gefuer ginn, an och soss gouf et e puer Ännerungen.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen