Reform vun der EU-Asylpolitik Opsplécken ass och keng Léisung

D'Reform vun der Europäescher Asylpolitik stécht an der Sakgaass. D'EU-Inneminister sinn en Donneschdeg, wéi ze erwaarden, net virukomm. Heescht dat, dat déi Reform elo endgülteg um Enn ass? Dorop kucke mir mat der 100,7 EU-Korrespondentin Danièle Weber.

Danièle Weber / cbi

Analys Danièle Weber
Foto: Elke Weber (Archiv).

De Versuch, Deeler vun der Reform ze retten, andeems een an deene Voleten, wou ee sech eens ass, eng Decisioun hëlt, hat och kee Succès.

Fir de Pak vun de siwe geplangte Reformen opzemaachen, dofir hat sech nieft Frankräich an Däitschland och Lëtzebuerg agesat. Am Debat huet sech awer gewisen, datt do aner Länner strictement dogéint sinn. Italien a Griichenland gehéieren dozou. Si hunn awer net déi nämmlecht Grënn, wéi déi osteuropäesch Länner.

Wéi eng Grënn sinn dat? A wéi geet et elo virun?


Lauschtert d'Gespréich mat der EU-Korrespondentin vum 100,7 Danièle Weber. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

Viktor Orbán, Jean-Claude Juncker
Ungaresch Fidesz-Partei an EVP

Flitt d'Fidesz aus der Europäescher Vollekspartei eraus? Den CSV-President Frank Engel hält en Ausschloss fir onëmgänglech. D'Fidesz selwer awer wëllt bleiwen, seet den Europadeputéierte György Schöpflin.

Margaritis Schinas, Valdis Dombrovskis, Marianne Thyssen, Pierre Moscovici
EU-Wirtschaftslaag

Däitschland soll manner spueren a méi investéieren. Déi ekonomesch Situatioun an Italien, op Zypern an a Griichenland ass alarmant, seet d'EU-Kommissioun an hirer neister Analys.

Programm

  • Vun 10 bis 2

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen