Radioen

On air

Espresso Beats  |  Smokey Robinson - Quiet Storm

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Oppositioun fuerdert Etüd iwwer d'Iwwerschwemmungen

NO DEN IWWERSCHWEMMUNGEN

Oppositioun fuerdert Etüd iwwer d'Iwwerschwemmungen

Déi offiziell Warnung iwwer d'Iwwerschwemmunge wier scheinbar net mat Zäit bei der Bevëlkerung ukomm, esou déi véier Oppositiounsparteien, déi elo eng extern an onofhängeg Etüd iwwer d'Virfäll fuerderen.

auto_stories

1 min

Dat geet aus engem Bréif un de Chamberspresident Fernand Etgen ervir. Déi offiziell Warnung wier scheinbar net mat Zäit bei der Bevëlkerung ukomm, esou déi véier Oppositiounsparteien. D'Etüd soll dofir den Informatiounsflux ënner d'Lupp huelen, esou d'CSV-Fraktiounspresidentin Martine Hansen.

Reaktioun vun der Martine Hansenplay_arrow

Am Idealfall soll d'Etüd spéitesdens bis den Oktober fäerdeg sinn, esou nach d'Martine Hansen. An hiren Aen misst d'Etüd zügeg realiséiert ginn, fir ze verhënneren, datt Informatiounen net méi ze retracéiere wieren.

Wéinst dem staarke Reen gëschter waren d'Rettungsdéngschter 87 Mol am Asaz. An de meeschte Fäll wiere Keller iwwerschwemmt gewiescht, esou d'CGDIS an engem Communiqué.

D'Fro, wéi een d'Populatioun bei Naturkatastrophen a Krise séier informéiere kann ass dann och Sujet vun engem Aarbechtsgrupp, dee mat all den Acteuren an de Gemengen zesummeschafft. Zil wier et eng Léisung ze fannen, déi un d'Besoine vum Land ugepasst ass, präziséiert d'Inneministerin Taina Bofferding. Zu enger App wéi GouvAlert hätt net jidereen Accès, dofir géing een no eng anerer, zentraliséierter Léisung sichen.

Lauschterenplay_arrow