Radioen

On air

Nei Musek  |  Véier spektakulär nei Instrumentalstécker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Opfaart A13 no 19 Joer endlech op

Roger Beissel

Opfaart A13 no 19 Joer endlech op

19 Joer laang huet et gedauert éier zu Fréiseng d'Opfaart fir op d'Autobunn A13, a Richtung Schengen konnt genotzt ginn. Dëse Méindeg um 6 Auer Mueres ass et esouwäit. 2003 gouf d'A13 ageweit. Ee juristesche Sträit hat d'Situatioun blockéiert.

auto_stories

2 min

Um Terrain wou déi Opfaart do drop koum, do waren de Staat an de Proprietär, déi eng Konventioun opgestallt haten, sech awer net eens ginn. Wëll de Staat awer net offiziell zu 100 Prozent Proprietär vum Terrain war, konnt déi Opfaart net fir de Verkéier opgemaach ginn. Bis datt de Staat dunn awer déi Parzell um Geriicht unerkannt krut.

Verkéiersproblemer zu Fréiseng wéinst gespaarten Opfaart

Ouni Opfaart hu Chauffer aus dem Saarland, oder aus Frankräich een Ëmwee misste maachen iwwer Fréiseng wa se wollten op Munneref oder Schenge fueren.

Eppes wat zu Fréiseng an der Gemeng zu Verkéiersproblemer gefouert huet, erkläert de Buergermeeschter vu Fréiseng de Roger Beissel.

"Dofir hoffe mer elo datt wann déi Opfaart elo op ass, datt all eis Frontalieren an Awunner aus eiser Gemeng, datt déi d'Autobunn do kënnen huelen an a Richtung Munneref a Schenge fueren, wat bis elo net de Fall ass. Mueres ass eng ganz Partie Autoen, déi vun der Grenz erofkommen an déi iwwert eis grouss Kräizung fueren, do ofbéie fir a Richtung Munneref ze fueren. Dee Verkéier hoffe mer datt mer deen duerch déi nei Opfaart kënne reduzéieren. Mir als Gemeng sinn ëmmer nees gefrot gi firwat déi Situatioun esou wier, mee direkt hate mir keen Afloss drop."

Opfaart ass net deen eenzege Problem

Och déi sëlleg Chantieren op der A3, der Diddelenger Autobunn, suergen fir Verkéiersproblemer, betount de Roger Beissel.

"Duerch déi nei Opfaart kréie mer ëm déi 2.000 Autoen den Dag manner op onser Kräizung. Mee wat eis géif hëllefen dat wier wann d'A3 gutt géif funktionéieren. Wëll soulaang do ee Chantier ass, probéieren d'Läit hei duerch d'Gemeng eriwwer an d'Frankräich ze fueren. Dat hu mer och virdru gemierkt. Wann een Accident op der A3 ass, da geet Alles iwwert d'Nationale an dann hu mir dee ganze Verkéier duerch eis Gemeng."