Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Claire Parsons - Ursa Major

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Opdriff vu konservative Parteien"

Wahlen an Éisträich

"Opdriff vu konservative Parteien"

Mat den Themen Asyl a Migratioun hunn déi Konservativ vu der ÖVP an d'Rietspopuliste vun der FPÖ 14 Prozent vu de Stëmmen dobäi gewonnen. Och sozial Themen hätten hinne Stëmme bruecht. Déi éisträichesch Politologin Katrin Praprotnik stellt fest, datt vill Wieler vun de Sozialdemokraten (SPÖ) bei d'Rietsdemokrate iwwergewiesselt sinn.

auto_stories

2 min

An Éisträich gewannen déi Konservativ (ÖVP) mat 31,6 Prozent d'Wahlen. D'Sozialdemokraten (SPÖ) ginn ofgewielt a bleiwen awer mat 26,9 Prozent knapp zweetstäerkst Partei virun de Rietspopulisten (FPÖ) mat 26 Prozent. Déi Gréng stierzen of op 4,3 Prozent.

Spill vu méigleche Koalitiounen

Eng ÖVP-FPÖ Koalitioun wier déi wahrscheinlechst, seet d'Katrin Praprotnik. Och wann eng nei Koalitioun mat der SPÖ rechneresch méiglech wier, géif dat awer dem Motto vun der Verännerung vum aktuellen Ausseminister Sebastian Kurz vun der ÖVP widderspriechen. Och eng Koalitioun tëscht de Sozialdemokraten an de Rietspopuliste wär méiglech. D'Politologin hält déi Kombinatioun zum aktuellen Zäitpunkt awer fir ausgeschloss. Och eng Minoritéitsregierung hält si fir onwahrscheinlech. D'FPÖ hätt eng staark Verhandlungspositioun, well fir si eng Koalitioun mat zwou Parteie méiglech wär.

Wéi regierungsfäeg ass d'FPÖ?

"Et ass erëm en Opdriff fir déi konservativ Parteien an Europa". Woubäi Éisträich e klengt Land an der EU wier, an een dat Resultat net iwwerschätzen dierft. D'Theme Migratioun an Asyl, a méi haart Positiounen an deem Beräich, wäre prominent bei de Wahle gewiescht.

Ass d'FPÖ eng rietsextrem Partei? Déi "Freiheitliche Partei Österreichs" hätt sech gewandelt. Bei hirer Regierungsbedeelegung 2000-2005 hätt et eng Rei Problemer ginn. Zënter 12 Joer ënnert der Féierung vum Heinz-Christian Stracher wär d'FPÖ zu enger stabiller Partei ginn, seet d'Katrin Praprotnik. Et misst een elo kucken, ob den Oppositiounsprogramm vun der FPÖ an der Regierung ëmsetzbar wier.

D'FPÖ wier staark, well si sech nieft Auslännerthemen och an anere politesche Beräicher positionéiere géing. D'FPÖ hätt bei dëse Wahle Stëmme vun de Sozialdemokrate gewonne mat den Theme Sozialleeschtungen a Pensiounen.