Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Op Malta ass alles net esou einfach"

Spiller vun de klenge Länner

"Op Malta ass alles net esou einfach"

130 Lëtzebuerger Sportler sinn déi nächst Woch, bis den 3. Juni op Malta am Asaz bei de Spiller vun de klenge Länner. Si ginn entouréiert vun engem Staff vun Traineren, Kinéën an Dokteren, esou datt d'Delegatioun ënnert dem Stréch 188 Mann staark ass.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Alwin de Prins ( Archivfoto)

Lauschterenplay_arrow


Déi Spiller gehéieren net zu de Prioritéite vun den Elittesportler, och wa verschiddener untrieden. Fir anerer déi och haart trainéieren ass et awer eng gutt Geleeënheet sech international ze moossen, seet de Missiounschef Alwin de Prins. Op Malta wier d'Situatioun awer net esou einfach.

"Malta spiert déi divers Krisen", seet de Lëtzebuerger Missiounschef Alwin de Prins. Dobäi wieren déi sportlech Infrastrukture ganz uerdentlech. Problemer ginn et awer mam Hotel, an deem all d'Sportler, déi bei de Spiller untrieden, logéiert sinn. An de leschte Stonne virum Optakt vun de Spiller gouf probéiert, an deem Hotel alles fäerdeg ze kréien, wat bis dohinner net de Fall war. Dobäi kéim, datt déi malteeseschen Organisatioun déi Kéier méi e klengt Team wier, wéi an der Vergaangenheet.

Medailespigel: "Mir wëlle fir sinn!"

Lëtzebuerger Elittesportler si wéineg um Start, dofir awer vill aner Sportler, déi net esou dacks am Mëttelpunkt stinn."Fir si ass et eng gutt Geleeënheet sech op mat internationaler Konkurrenz ze moossen", esou den Alwin de Prins. A weider: "Et ass sécher eis Ambitioun, herno am Medailespigel mat vir ze sinn". Allerdéngs géif dat och dovunner ofhänken, wéi eng Competitiounen den Organisateur fir d'Spiller zeréckbehalen huet. Déi Kéier wieren der derbäi, déi net zu de Lëtzebuerg Kärsportaarten zielen.

Lëtzebuerg kéint iwwregens 2029 déi Spiller op en Neits organiséieren - definitiv ass dat awer nach net.