Radioen

On air

De Moien  |  Taina Bofferding

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op e gemeinsamen Nenner kommen

Regierungsaarbecht

Op e gemeinsamen Nenner kommen

D'Corinne Cahen hätt iwwerhaapt keen Zweiwel drun, datt déi blo-rout-gréng Koalitioun et bis 2023 packt - trotz de groussen Erausfuerderungen, déi Steierreform, Klima a Logement duerstellen. Dat léich engersäits un engem "gudde Koalitiounsprogramm", dann awer och un der grousser Kompromëssfäegkeet vun der Regierungsekipp.

auto_stories

3 min

D'Corinne Cahen ass Parteipresidentin vun der DP a Familljeministesch

Zanter 2013 hätten déi ënnerschiddlech Regierungsparteie geléiert mateneen ze schwätzen an ze verhandelen. Et wier een net ëmmer mat jiddwerengem enger Meenung, mee sou wier dat eben an enger Koalitioun, et géif keng absolut Majoritéit vun enger Partei ginn. "An enger Koalitioun ass et ëmmer esou, datt een dann ebe muss op e gemeinsamen Nenner kommen, an dat ass och da ganz dacks dee richtege fir d'Land."

Ierfschafts- a Kapitalsteier: Net mat der DP

A punkto Fiskalitéit huet d'DP-Presidentin däitlech gemaach, datt eng Ierfschaftssteier an direkter Linn mat hirer Partei net ze maachen ass, dat wier "iwwerhaapt keng Diskussioun".

Jiddwereen hätt seng Iwwerzeegungen, "mee an enger Koalitioun ass et eben esou, datt een zu engem Package muss kommen, wou jiddweree sech dran erëmerkennt, an net nëmmen déi 17, déi um Regierungsdësch sëtzen, mee och déi 31 Deputéiert". Et ass der Corinne Cahen wichteg, datt och d'Mënschen am Land sech géifen an deem Package erëmfannen.

Eng Besteierung vum Kapital kënnt fir d'Corinne Cahen och net a Fro. "Mir mussen oppassen, datt mir de Räichtum hei am Land net verléieren", esou d'DP-Parteipresidentin. "Ech menge mir sollte schonn oppassen, datt mer näischt hypothekéiere vun deem wou mer liewen."

Flexibiliséierung am Congé parental

D'Reform vum Congé parental, déi den 1. Dezember 2016 a Kraaft getrueden ass, wier amgaang evaluéiert ze ginn. Dono soll dann, esou wéi et am Regierungsprogramm virgesinn ass, iwwer eng eventuell nach méi grouss Flexibiliséierung nogeduecht an diskutéiert ginn.

D'Corinne Cahen mengt awer net, datt dat fir d'Patronat e Problem kéint duerstellen. "D'Patrone froe jo am Fong Flexibiliséierung." Vill Betriber géif et arrangéieren, wann een de Congé parental een Dag d'Woch wärend 20 Méint hëlt, an net sechs Méint um Stéck. Dat géif awer vun der Entreprise an och vun de Leit ofhänken. "Ech mengen, datt dat um Terrain am Fong ganz gutt klappt."

Fir d'Corinne Cahen ass d'Reform vum Congé parental och e wichtege Schrëtt a Richtung Gläichheet:

"Wat fir d'Entreprisen natierlech geännert huet ass, datt vill méi Männer elo de Congé parental huele wéi virdrun. Dat war awer och onst Zil. Wa mer vu Gläichheet tëschent Mann a Fra schwätzen - mer hätte gär, datt d'Mammen an d'Pappe bei de Kanner sinn; mir wëllen, datt souwuel d'Mamme wéi d'Pappen hir Responsabilitéit iwwerhuelen - da war dat awer méi wéi iwwerfälleg, datt mer elo op engem Punkt ukomm sinn, endlech, wou grad esou vill Frae wéi Männer de Congé parental huelen."

An hirer Qualitéit als Familljeministesch sot d'Corinne Cahen nach, datt d'Kannergeld nach virum Enn vun der Legislaturperiod nees indexéiert gi soll.