Radioen

On air

Notturno  |  Maale Gars - Berlin

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op der verzweiwelter Sich nom Bling-Bling-Land

Fräie Mikro

Op der verzweiwelter Sich nom Bling-Bling-Land

Hei am Land freet ee sech, wa Lëtzebuerg an der auslännescher Press positiv duergestallt gëtt. Mee d'Bild, dat anerer vum Grand-Duché zeechnen, ass Mol méi a Mol manner zoutreffend, wéi de Literaturwëssenschaftler an Auteur Samuel Hamen feststellt.

auto_stories

3 min

Viru Kuerzem konnt een an der FAZ een Artikel mat der Iwwerschrëft "Läuft bei denen" liesen. Mat "denen" ass Lëtzebuerg gemengt; mat "läuft", datt hei alles paletti ass. De Jean-Claude Juncker gëtt als elderly statesman vun der EU portraitéiert, de Xavier Bettel als Verteideger vun de Mënscherechter, d'Monica Semedo als politescht Nowuesstalent. Si gëtt zitéiert mam fulminant schife Saz: "Den Leuten hier ist es egal, woher man kommt, wie viel Geld oder welche Hautfarbe man hat."

Okay, iwwer d'Leit ouni Fric a Chancë gëtt kuerz geschwat, mee dat stéiert de Portrait net wierklech. Méi wichteg ass, datt Lëtzebuerg elo ee Kardinol zu Roum huet an ee gratis ëffentlechen Transport wäert kréien. Zitat: "Es läuft ganz gut für das kleine Großherzogtum."

Ee Bléck an d'Ausland

De Besoin no engem mustergültege Bling-Bling-Land ass ze verstoen. Ee Panorama vum Kontinent mécht am Ament kee Spaass: A Frankräich huet de Generalstreik gewisen, wat fir ee Clivage sech duerch d'Land zitt. An der Tëschenzäit konsolidéiert sech de Front National ënner dem neien Numm Rassemblement National.

An Däitschland suergt sech de leschte Verfassungsschutzbericht wéinst der Gewaltbereetschaft vun ëmmer méi Rietsextremen. Op hirem Parteidag am November huet d'AfD hir intern Stäerkt ënner Beweis gestallt, wichteg Positioune konnte vu Vertraute vum Björn Höcke aus dem vëlkesche Fligel besat ginn.

A Spuenien hunn d'Neiwale vum November just eng Kloerheet bruecht: Déi anti-feministesch a xenophob Partei Vox gewënnt un Zoustëmmung. Et kéint ee monter weidermaachen, mat Italien, Polen an Ungarn - ganz ze schwätze vun där Insel am Atlantik, déi sech mat all Woch weider vun Europa ewechruddert.

D'Problemer net klengrieden

De Reflex ass nozevollzéien, firwat een op d'Sich no engem Géigebeispill geet. Mee et ass fatal, d'Problemer vun engem Land ze miniméieren, just well se sech net esou schro unhéiere wéi déi vun den Noperen. Wann also déi eng alles ëmmer mat de schéinste Blimmercher tapezéieren, da mussen déi aner ëmmer nees op all déi elle Flecken am Zëmmer weisen.

Dat huet näischt mat Ondankbarkeet oder Perfidie ze dinn, mee mat der Éierlechkeet vum eegene Bléck. Lëtzebuerg ass kee Showroom, duerch deen ee potentiell Cliente bugséiert; et ass ee Socialroom, dee wéi all Land seng Schiflagen huet.

Den Aarmutsrisiko fir jonk Leit, déi schaffen, louch 2017 bei 20 Prozent; domadder si mir d'Nummer Zwee an Europa. Déi rezent PISA-Studie huet gewisen, datt et dem Schoulsystem net egal ass, "woher man kommt oder wie viel Geld man hat" - Kanner aus sozio-ekonomesch méi schwaache Famille gi staark benodeelegt.

Déi obszön Konsummentalitéit garantéiert dem Land beim Country Overshoot Day eng Plaz ënner de Schlëmmste vum Joergang - 2019 si mir weltwäit d'Nummer Zwee. D'Wunnengssituatioun hëlt pervers Zich un a wäert sech zur neier sozialer Fro entwéckelen. Op d'Fro, wéi een den ekonomesche Wuesstum a senge sozialen an infrastrukturelle Repercussioune koordinéiert kritt, gëtt et keng Äntwerten, déi iwwerzeegen. An am Hannergrond lauert den ominéisen Demokratiedefizit, dee spéitstens 2021 mam nächsten Zensus hyerpolitesch wäert ginn.

Et geet net dorëmmer, eng total Kris erbäizezauberen, dat ass ee rhetorescht Manöver vun Extremisten an Extremistinnen, fir alles op d'Kopp stellen ze dierfen. Et geet dorëms, sech et net ze gemittlech ze maachen op dem butzege Këssen, vun deem ee vill ze séier mengt, et wier eng gutt gepolstert Welt fir sech an déi eege blann Flecken.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.