Et wier vu Virdeel trotzdeem Walen ze organiséieren, och wa sech grad mol souvill Kandidaten opgestallt hunn wéi et Poste ginn. Där Meenung ass den CSV-Fraktiounschef a Mamer Buergermeeschter Gilles Roth. Virun allem de Buergermeeschter bräicht eng gewëss Legitimitéit.
Och den DP-Fraktiounspresident Gilles Baum fënnt d'Iddi gutt. D'Bierger kéinten da kloer vun hirem Walrecht Gebrauch maachen an et géif manner Taktéiere beim Verdeele vun de Poste ginn, sou seng Prognos an enger schrëftlecher Stellungnam.
Änlech gesäit dat och de Fred Keup vun der ADR "well een dann awer gesäit, wéi eng Kandidaten am Beschte bei de Leit ukommen a wéi eng Kandidate vun de Leit an déi verschidde Poste vu Buergermeeschter oder Schäffe gewënscht ginn". Fir d'Myriam Cechetti vun déi Lénk wier et och wichteg fir sech selwer ze wëssen, wou ee steet. Zemools wann ee fir d'zweet mat an d'Wale geet.
Déi gréng an d'LSAP si fir eng Opwäertung vun de Gemengemandater
Den Yves Cruchten vun der LSAP, d'Josée Lorsché vun déi gréng an och de Sven Clement d'Piraten soen, et misst een d'Diskussioun an engem méi grousse Kontext gesinn. Hei géif et virun allem drëm goen ee reale Problem bei der Wuerzel unzepaken, nämlech deen, datt ze mann Leit intresséiert si sech op Gemengenniveau ze engagéieren.
Déi gréng Fraktiounsscheffin ass, der Meenung, datt eng generell Diskussioun misst iwwer d'Opwäertung vun de Gemengemandater gefouert ginn. Déi gréng Fraktiounscheffin ass der Meenung, datt dee Moment och méi einfach fir d'Parteie gëtt fir genuch Kandidaten ze fannen.
Eng Meenung déi och den Yves Cruchten schrëftlech deelt. Grad wéi de Sven Clement - hie mengt donieft, datt d'Participatioun bei Wale bei deenen et just ëm ee Ranking geet méi kleng kéint ginn.
"Ech fäerten awer datt gläichzäiteg d'Walbedeelegung kéint erofgoen dee Moment wou ee just nach Leit ka confirméieren déi u sech souwisou scho gewielt sinn."