Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op de Spure vun Europa

Lëtzebuerg entdecken

Op de Spure vun Europa

De Begrëff Schengen ass a ganz Europa an och doriwwer eraus bekannt. Och wa vill Leit net onbedéngt wëssen, wou den Numm hierkënnt. De Pit Walté war an der Serie Lëtzebuerg entdecken an d'Duerf Schengen op der Musel kucken.

auto_stories

2 min

De 14. Juni 1985 gouf op der Princesse Marie-Astrid de Schengen-Accord vu Vertrieder vun de Benelux-Länner, sou wéi Däitschland a Frankräich ënnerschriwwen. Fir Lëtzebuerg war dat den LSAP-Politiker Robert Goebbels. An datt dat zu Schengen geschitt ass, hat och seng Grënn. "D'Decisioun ass op Schenge gefall, well Schengen ass de Punkt, op deem d'Benelux-Staaten eng gemeinsam Grenz mat Däitschland a Frankräich hunn." Dat seet de Kim Dumont vun der Schengen Asbl, déi den Europa Musée zu Schenge bedreiwen, do wou een d'Hannergrënn vun dësem historeschen Ofkommes kritt. Eigentlech sollt den Accord am Schlass zu Schengen ënnerschriwwe ginn. Well dat dee Moment awer restauréiert gouf, huet een et um Schëff gemaach. Haut si 26 Staate Member vum Schengen-Raum an d'Bierger kënne sech fräi iwwer d'Grenze beweegen. A vill Leit wësse guer net, wou deen Numm Schengen genee hierkënnt."

Och vill vun den auslänneschen Touristen déi net am Schengen-Raum liewen, géife verstoen, wat dat am Alldag bedeit. "Ech denke schonn, datt si dowéinst bei eis kommen, well ganz vill vun hinne reesen och mat engem Schengen-Visum. Dat heescht si si sech scho bewosst, datt hinnen dat erméiglecht einfach iwwer d'Grenze vu 26 Länner ze reesen, ouni gréisser Formalitéiten."

Mee natierlech grad fir d'Europäer wier et eng besonnesch Plaz, seet de Kim Dumont.

"Fir d'éischt probéiere si ëmmer sech selwer ze fannen. Dat heescht, mir hunn d'Fändelen hei vun de 26 Memberstaaten, mir hunn och fir all Staat e Stär op engem Monument. An ech denken, dat ass fir si da scho bedeitungsvoll op déi Plaz ze kommen an ze wëssen, hei ass den Ufank vun eiser fräier Beweegung an Europa."

A wa si dann zu Schengen an den Europa Musée kommen, kréie si da vill Informatioune ronderëm de Schengen-Accord. Wie Loscht huet, ka sech als Grupp och e Guide dobäi buchen, mat deem mécht een dann net nëmmen d'Visite vum Musée, mee et mécht een och en Tour duerch Schengen a bei de verschiddene Monumenter kritt een dann Anekdoten an Explikatiounen.

E Besuch am Europa Musée kann een och nach mat enger klenger Wanderung an engem vun den Naturreservater ronderëm Schenge verbannen. Zum Beispill kann ee sech am Haff Réimech d'Weiere mam Biodiversum ukucken.