Wann d'Entwécklungshëllef am Niger gestoppt gëtt, kéint eng humanitär Kris op d'Land duerkommen, warnt d'Mariette Braquet vun der Action Lutte contre la pauvreté. D'Späichere wiere praktesch eidel a vill Leit déi soss zwee mol den Dag giess hunn, kéinte lo just nach eemol den Dag iessen.
"Wann näischt nokënnt, da gëtt et nach schlëmmer. Plus alleguer déi Refugiéen, déi se deelweis hunn. Wéi soll dat da goen?"
Putsch war virauszegesinn
De Militärputsch hätt ee kënne virausgesinn, mengt d'Mariette Braquet déi selwer zéng Joer am Niger gelieft huet a schonn e Putsch do erlieft huet. D'Situatioun wier scho méi laang ugespaant gewiescht, zanter de Putschen a Mali an a Burkina Faso.
Den Niger war nämlech dat lescht vun den dräi Nopeschlänner an der Sahelzon, dat nach vun enger demokratesch gewielter Regierung gefouert gouf. D'Putschiste kéinte lo bei den Nopeschlänner Mali a Burkina Faso ofkucke wéi et geet. D'Mariette Braquet gesäit den Ament nach e weidere Problem op dat westafrikanescht Land duerkommen.
"Wou ech e bësse fäerten, dat ass wann déi Wagner Gruppe bis do Fouss gefaasst hunn, wann se et net scho gemaach hunn, dat wier net esou gutt."
D'Situatioun wäert nach unhalen
D'Presidentin vun Action Lutte contre la pauvreté geet dovun aus datt déi aktuell ugespaante Situatioun nach e puer Wochen unhält. Hir Aarbecht op der Plaz géing awer egal wéi weidergoen.
Den Niger ass en Zilland vun der Lëtzebuerger Entwécklungshëllef. Den Ausseministère hat eis präziséiert, am Moment wieren zwee Lëtzebuerger am Kader vun der Kooperatiounsaarbecht op der Plaz. Eng Persoun dovu schafft fir de Ministère, eng fir d'UNO. Déi betraffe Persoun vum Ausseministère wier a Sécherheet.