Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op d'mannst eelef Persoune vu Kabul op Islamabad evakuéiert

Afghanistan

Op d'mannst eelef Persoune vu Kabul op Islamabad evakuéiert

Op d'mannst eelef Persoune konnten elo vu Kabul op Islamabad evakuéiert ginn, fir da weider op Lëtzebuerg ze fléien. Dat confirméiert de Verdeedegungsminister François Bausch am 100,7 Interview. Nieft den Uganks néng Persoune sinn och nach zwou Persounen aus dem Ëmfeld vun der Famill dobäi, wat fir Schwieregkeete gesuergt hat.

auto_stories

1 min

De Verteidegungsminister François Bausch
Allen eelef sollen an der Nuecht nach an d'Belsch geflu ginn an do am Laf vum Moien ukommen, esou de François Bausch. Aus dem Ausseministère heescht et iwwerdeems, datt nach eventuell dräi weider Leit evakuéiert solle ginn.

Erklärunge vum Verteidegungsminister François Bausch

Lauschterenplay_arrow


Dem Ausseminister no, géif et an Tëschenzäit och eng Lëscht mat "wäit iwwer 200 Leit ginn", déi vun Afghanistan op Lëtzebuerg wéilten. Dës Leit hätte Famill hei am Land, oder si hätten zum Beispill fir Net-Regierungs-Organisatioune geschafft. De Regierungsrot misst muer doriwwer beroden, wéi ee mat dësem Defi ëmgeet. Et wier den Ament schwéier dozou eng Ausso ze maachen, esou nach de François Bausch.