Duerch déi Entwécklung géif och den Aarmutsrisiko bei Leit déi schaffe kontinuéierlech eropgoen, dee läit den Ament bei bal 14 Prozent. Am héchsten ass den Aarmutsrisiko weiderhi bei Elengerzéiende Stéit a Famille mat dräi oder méi Kanner. Ënnert dem Stréch géif Lëtzebuerg am Beräich vum Schutz virun der Aarmut keng Fortschrëtter maachen - am Géigendeel.
De Felix Martins de Brito, Conseiller bei der Chambre des Salariés, erkläert, datt Lëtzebuerg beim Aarmutsrisiko bei deene leschten Zuele fir 2021 bei 18 Prozent läit. D'Situatioun hätt sech an de leschten 20 Joer kontinuéierlech verschlechtert a wier, zanter Ufank den 2000er, lo um héchsten Niveau.
De Chômage-Taux geet erof
Op där anerer Säit géif de Chômage-Taux erof goen, dee läit bei knapps ënner fënnef Prozent. Vu Jonken tëscht 15 a 24 Joer géife bal néng Prozent weder schaffen nach an d'Schoul goen oder eng Léier maachen.
Den Undeel u Leit déi Deelzäit schaffen huet sech an de leschten zéng Joer verduebelt.
Ursaache fir dës Entwécklung géif bei der relativ héijer Proportioun vu Männer a Frae leien déi Deelzäit schaffen. Si hätten oft keng aner Méiglechkeet fonnt a géife soumat schonn 10 Prozent ausmaachen. Speziell bei der Situatioun vun de Frae géif ee feststellen, datt een Drëttel aus familiäre Grënn Deelzäit géif schaffen, ënnersträicht de Conseiller bei der CLS.
Fir Leit déi Deelzäit schaffe verduebelt sech den Aarmutsrisiko. D'CSL fënnt et wichteg, datt déi Tatsaach am Hannerkapp behale gëtt, och an der aktueller Diskussioun ëm d'Aarbechtszäit Verkierzung bei gläichem Loun.
.