Am Zesummenhang mam Covid ass an de leschten zwee Joer ganz vill Preventiounsaarbecht geleescht ginn. Vill Campagnen si vu Regierungssäit lancéiert ginn, engersäits fir legislativ Mesuren ze begleeden an ze erklären, anersäits fir d'Leit ze sensibiliséieren sech der jeeweileger Cause unzeschléissen, dat heescht d'Restriktiounen ze akzeptéieren an ze respektéieren.
Sief et lo vun engem Ministère, enger ONG oder enger Associatioun wéi der Sécurité Routière, Preventiounsaarbecht ass kee Selbstzweck. Dat muss ee mol vläicht betounen.
Net moossbar
Et ass en plus eng ondankbar Aarbecht, well se net moossbar ass, an nëmmen dat visibel gëtt wat net gegraff huet. Wann zum Beispill trotz Campagnen héich Infektiounszuele festgestallt ginn oder Affer am Stroosseverkéier ze bekloe sinn. Wat alles duerch d'Anhale vun de Gestes barrières oder dem defensive Behuelen am Stroosseverkéier konnt vermidde ginn, wéi vill Misär konnt verhënnert ginn, ass net gräifbar.
Ondankbar ass d'Preventiounsaarbecht och, well se meeschtens e Verzicht oder eng zousätzlech Contrainte mat sech bréngt oder als Zurechtweisung ëmfonnt gëtt.
Victim blaming?
Wann e Mobilitéitsministère oder eng Sécurité Routière eng Campagne mécht, fir datt d'Foussgänger, d'Cyclisten an aner Usagers faibles sech sollen hell undoen a Sécherheetswesten oder änleches droe fir besser gesinn ze ginn, musse se sech de Virworf gefale loossen, si géife Victim blaming maachen, Opferschelte wéi déi Däitsch soen. Anescht gesot, datt se géifen dem Affer d'Schold gi wann et ugestouss gëtt, well et däischter ugedoe war.
Et wier dach un de Chaufferen op déi Schwaach opzepassen. Jo natierlech ass et un de Chaufferen opzepassen. Dat wëllt awer net heeschen, datt dee Schwaachen net op sech selwer soll oppassen! Et geet dach drëms all Chancen ob seng Säit ze brénge fir gesinn ze ginn an net a geféierlech Situatiounen ze kommen awer op kee Fall fir de Foussgänger ze culpabiliséieren. Ausserdeem ass Foussgänger a Chauffer déi selwecht Persoun, jee nodeem wéi se ënnerwee ass.
Automobilist vs Vëlosfuerer - an ëmgedréint
Wann déi zwee selwecht ëffentlech Acteuren eng Campagne maache wou verschidden Zeene vum Zesummeliewe vun Automobilist a Vëlosfuerer theematiséiert ginn, gëllt dee nämmlechte Virworf.
Wou kënnt een op d'Iddi ze mengen de Cycliste géif hei stigmatiséiert ginn? Dierf net all Verkéiersteilnehmer ob seng Flichten opmierksam gemaach ginn? Gëtt et nëmme gutt Cyclisten a schlecht Automobilisten, oder gëtt et just einfach nëmmen eng Zilgrupp, dat heescht Jiddereen? "All d'Cycliste fueren zu 3 niewenteneen, an all Automobilist rennt ze no laanscht an dréckt se vun der Strooss". Weder dat eent, nach dat anert trëfft zou.
Stuerheet an Trotz
Spillt do net de part et d'autre e schlecht Gewësse wéinst dem eegene Behuele mat, kéint ee jo mol provokativ froen.
Déi ëffentlech Acteure wëlle weder Stigmatisatioun nach Victim blaming bedreiwen, wéi kéime se derzou. Ëmmer ze mengen et wier een ongerecht behandelt an deen Aner wier méi schlëmm an ëmmer am Feeler, ass e falscht Raisonnement. Virun Allem ass et kee Raisonnement, just Stuerheet an Trotz.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.