Den Impakt vun der Kris op Schüler Ombudsman fir Kanner: "Homeschooling verstäerkt Inegalitéiten"

Den neien Ombudsman fir d'Rechter vu Kanner- a Jugendleche warnt, den Homeschooling géif sozial Inegalitéite verstäerken. De Charel Schmit betount, et missten Äntwerte fonnt ginn, fir datt d'Ongläichheeten tëschent de Schüler net ze grouss ginn.

Rick Mertens (Interview) / Claude Biver (Web)

Charel Schmit
De Charel Schmit ass den neien Ombudsman fir d'Rechter vu Kanner- a Jugendleche

Dofir missten zum Beispill zousätzlech Coursen ugebuede ginn, fir schoulesch Retarden opzehuelen, esou de Charel Schmit. Als Ombudsman wéilt hien d'nächst Joer an engem Rapport Recommandatiounen an déi Richtung ginn.

"Do wäerte mer dann eng ganz Partie Experten héieren, déi schonn um Theema geschafft hunn. Mir wäerten awer och probéieren direkt mat Kanner a Jugendlechen an d'Gespréich ze kommen. A mir wäerten da kucken, a wéi wäit mer dat och an eisem nächste Rapport kënnen zu enger Prioritéit maachen, deen d'Chamber all Joer presentéiert kritt."

Den neien Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher gesäit et net als Nodeel, datt hie keng Plaintë viru Geriicht ka bréngen. Au contraire: De Charel Schmit mengt, et wier grad de Virdeel vu senger Institutioun, datt se net iwwer d'Geriichter funktionéiert:

"Haut hu mer vill verschidden Ombudsstellen, déi komplementar matenee schaffen, an déi eben och de Leit et erméiglechen, jeeweils an hire Beräicher en Uspriechpartner ze fanne fir eben net mussen déi klassesch Weeër vum Verwaltungsgeriicht a vun anere Geriichtsbarkeete mussen ze goen. An doduerch net am Konflikt ze verharren, mee ze kucken iwwer aner Weeër Léisungen erbäizeféieren. An dat ass mengen ech eng grouss Chance."

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Schoul
Joresréckbléck

De 15. Mäerz sinn d'Schoulgebaier zougemaach ginn. Homeschooling war un der Dagesuerdnung. Eng Première fir de Lëtzebuerger Schoulsystem, déi vill Erausfuerderunge fir all Betraffe mat sech bruecht huet.

(de g. à dr.) Paulette Lenert, ministre de la Santé ; Claude Meisch, ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse
Corona-Pandemie

An der Woch vum 4. Januar lafen d'Aktivitéiten am Educationsberäich online. D'Premièrë kréien hiert Semester ëm eng Woch verlängert an all Schüler tëschent 4 an 19 Joer kritt eng Aluedung fir de Large-Scale-Testing.

Programm

  • Vun 10 bis 2

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen