Radioen

On air

9 bis 1  |  Balthazar - I'm Never Gonna Let You Down Again

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ OGBL-Syndikat vum Léierpersonal reagéiert op Impakt vun ChatGPT

Educatioun

OGBL-Syndikat vum Léierpersonal reagéiert op Impakt vun ChatGPT

No der Enseignants-Gewerkschaft SNE reagéiert och den OGBL-Syndikat vum Léierpersonal op den Impakt vun ChatGPT op den Enseignement. Den Text Roboter kéint grad beim Schreiwe vun Dissertatioun an Theese geféierlech ginn, huet den SNE-President, Patrick Remakel, rezent am 100,7 Interview ze bedenke ginn. De Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft vum OGBL gesäit dat méi nuancéiert.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Knapp zwee Méint nom Lancement vum Chatbot aus den USA, gëtt ChatGPT och zu Lëtzebuerg ëmmer méi genotzt. Kënschtlech Intelligenz wier net nei an de Schoulen, esou d'Vera Dockendorf vum SEW.

Et mecht ee sech "relativ wéineg Suergen"

D'Saachen, déi den neien Chatbot géing schreiwen, wieren Deels och ganz Allgemeng gehalen. Bei spezifesche Froen wier ChatGPT nach net kapabel eppes ze schreiwe wat wierklech gutt wier:

"Vum Inhalt hir huet een oft d'Gefill : "Hues de den Text iwwerhaapt gelies? Weess de iwwerhaapt wat d'Fro ass? ", wann een d'Äntwerte vun deem Chatbot liest. An dowéinst hu mir eis eigentlech relativ wéineg Suerge gemaach, datt mir elo do géife mat Plagiats-Saachen iwwerschwemmt ginn an et net géinge mierken."

Dat sinn déi éischt Konklusiounen, déi de Comité fondamental an de Comité secondaire aus enger gemeinsamer Reunioun mam SEW zéien, bei der dem Text-Roboter säi schoulescht Wëssen a Kënnen op d'Prouf gestallt ginn ass.

"Also mir hate relativ vill Fächer, déi elo do zesumme souzen. An et huet kee sech grouss Suerge gemaach an et war d'Attitüd: "Dat ass eben de Fortschrëtt an deen hält ee lo net op.". A genau wéi mir an der Vergaangenheet mat esou Saachen konnten ëmgoen an Outilen hate fir kënnen erauszefannen, ob ee Copie-paste gemaach huet, sou wäerte mir dat och elo maachen."

Léierpersonal wäert wuel Formatiounen kréien

D'Vera Dockendorf vum OGBL-Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft geet dovunner aus, datt d'Léierpersonal och wäert Formatiounen an deem Zesummenhang kréien. Fir datt d'Schüler d'Enseignante kéinte mat ChatGPT täuschen, missten se fir d'éischt och emol nach wëssen, wéi een den Outil richteg notzt, seet d'Vera Dockendorf:

"Dozou gehéiert och schonn eng gewëssen Intelligenz. Also mir gesinn et net, datt d'Schüler elo vu sech aus do kënne perfekt täuschen ouni datt iergendeen stutzeg gëtt. Mir kennen eis Schüler jo eigentlech dee Moment."

Den Ament schaffen d'Grënner vun der Text-Software ChatGPT och un engem weideren Tool, mat deem et an Zukunft soll méiglech sinn ze erkennen, ob en Text vun engem Mënsch oder vun engem Computer geschriwwe ginn ass.