Virun zwee Joer wier de Kollektivvertrag fir d'Salariéen am Bausecteur ausgelaf. Zanterhier wier et schwéier gewiescht, d'Employeuren un den Dësch ze kréien, bekloen den OGBL an den LCGB.
Unnerkennung fir no der Kris
D'Aarbechtskonditioune missten sech dréngend verbesseren. Ënner anerem d'Salairë missten ugepasst a professionell Formatioun garantéiert ginn, esou déi zwou Gewerkschaften.
D'Salariéen hätten d'Entreprisen duerch d'Kris bruecht an et wier elo wichteg, deem Rechnung ze droen, esou de Robert Fornieri vum LCGB.
"Les salariés du secteur qui ont de plus en plus de mal à lier les deux bouts à la fin du mois. En vue de l'engagement de ces salariés qui a d'ailleurs permis d'honorer les défis d'augmenter la richesse des entreprises. Une reconnaissance de cet engagement est devenue tout simplement indispensable."
"Eng riseg Sauerei"
Et hätt ee Verständnis gehat, datt d'Krisen d'Situatioun erschwéiert hätten. Mee och de leschte Versuch fir Verhandlunge viru puer Woche wier gescheitert. Dozou de Jean Luc De Matteis vum OGBL:
"Mir hunn als Gewerkschaften decidéiert an d'Offensiv ze goen, well dat doten ass total inakzeptabel. Et ass eng riseg Sauerei wat hei lo geschitt. Wou mir soen: 'Ok, mir haten Iech d'Chance gi fir seriö ze verhandelen.'"
D'Gewerkschafte géifen deemno lo mat gewerkschaftlechen Aktiounen ufänken, esou nach de Jean-Luc De Matteis. Wat genee domat gemengt ass, hunn d'Gewerkschaftsvertrieder awer net präziséiert.
Et géif een elo mol bei d'Leit op den Terrain goe fir eng Bestandsopnam ze maachen, esou nach den OGBL an den LCGB.