Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den OGBL fuerdert steierlech Entlaaschtunge virun de Walen

Gewerkschaft

Den OGBL fuerdert steierlech Entlaaschtunge virun de Walen

D'Gewerkschaft wëll, datt d'Steiertabell esou séier wéi méiglech un d'Inflatioun ugepasst gëtt. Duerch d'Indextranchë missten d'Leit elo méi Steiere bezuelen, obwuel d'Regierung versprach hätt, keng Steiererhéijungen ze maachen.

auto_stories

2 min

D'Nora Back ass Presidentin vum OGBL.

Wéi d'Regierung ugetratt ass, hätt si nämlech versprach se géif keng Steiererhéijunge maachen. An awer missten d'Leit elo méi Stéiere bezuelen, well se duerch d'Indextranchen, déi a leschter Zäit erfall sinn, méi verdéngen, esou d'Nora Back:

"Déi schaffend Leit an d'Pensionéiert hu fënnef reell Steiererhéijungen an dëser Mandatur erlieft, a wäerten da nach eng Kéier 3 erliewen dëst Joer, wann alles esou geet, wéi et ausgesäit."

D'OGBL-Presidentin fuerdert, datt nach virun de Walen eppes géint des zousätzlech Belaaschtung ënnerholl gëtt. Eng global Steierreform kéint dann no de Walen ugestrieft ginn. Wat net géif goe wier "waarde bis 2025 fir iwwerhaapt iergendeppes steierlech ze maachen."

"Eng Ausso, déi net geet"

D'Nora Back weist sech ausserdeem enttäuscht iwwer Aussoe vun der Vize-Premierministerin Paulette Lenert. D'LSAP-Politikerin hat d'lescht Woch RTL gesot, si wier oppe fir Diskussiounen iwwer den Index-System. Fir d'Gewerkschaft kënnt awer eng Ännerung vum Index-System och am Waljoer net a Fro:

"Dat ass fir eis eng Ausso, déi net geet. Ni - a kengem Kontext, mee natierlech scho guer net am Kontext, wou mer dra sinn."

Grad an enger Zäit, wou vill Leit op e Ausgläich vun der Kafkraaft ugewise wären, wier et falsch eng fundamental Diskussioun iwwer den Index lass ze trëppelen, esou d'Nora Back.