arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ofwaasseranalys: Am Juni nees méi Réckstänn vum Virus fonnt

Wëssenschaft

|
reading time

1 min

Ofwaasseranalys: Am Juni nees méi Réckstänn vum Virus fonnt

D'Verbreedung vum neie Coronavirus an der Bevelkerung hëlt nees zou. Dat weisen d'Analyse vum Ofwaasser aus de Kläranlagen vum Fuerschungszentrum List vun der leschter Woch.

reading time

1 min

D'Konzentratioun vum Virus am Ofwaasser war d'lescht Woch nees esou héich wéi am Abrëll, seet d'Fuerscherinn Leslie Ogorzaly vum List. Vun do u ware se bestänneg zeréckgaangen, bis de Virus an deenen éischte Juniwochen net méi ze detektéiere war. Mee an den Analyse vum 24. Juni war d'Konzentratioun dunn nees méi héich, esou d'Fuerscher vum List.


play_arrow D'List-Fuerscherinn Leslie Ogorzaly


Et kéint een dofir soen, datt de Virus op en Neits an der Populatioun zirkuléiert. "Et gëtt zimmlech sécher méi Infektiounsfäll, mee ech kann Iech net soen, op wéi vill Infektiounen een doraus schléisse kéint", esou d'Fuerscherin.