Déi dräi Gremie sollen zäitgläich sinn. Den Datum gëtt net offiziell confirméiert, well de Koalitiounsprogramm nach net steet. Et sinn nach fënnef Verhandlungsreuniounen am grousse Krees virgesinn, déi viraussiichtlech lescht ass den 28. November. Wa keng thematesch Schwieregkeete méi opdauche, ginn d'Gremien aberuff.
Bei der DP muss e Comité directeur iwwer de Koalitiounsaccord ofstëmmen. Dee ka kuerzfristeg organiséiert ginn. Och d'Kongresser vun déi gréng a vun der LSAP kéinte kuerzfristeg aberuff ginn, heescht et. Et gëtt e virleefege Konsens fir eng Regierung mat 17 Memberen: 6 fir d'DP, 6 fir d'LSAP a 5 fir déi gréng.
Wahrscheinlechst Opdeelung (Stand: 16. November)
Regierungsmemberen
DP: Xavier Bettel, Corinne Cahen, Pierre Gramegna, Claude Meisch, Lex Delles, Marc Hansen
LSAP: Etienne Schneider, Jean Asselborn, Dan Kersch, Taina Bofferding, Romain Schneider, Tess Burton
déi gréng: François Bausch, Sam Tanson, Felix Braz, Carole Dieschbourg, Claude Turmes
EU-Kommissär: Nicolas Schmit
Chamberpresident: Fernand Etgen
Fraktiounscheffen
LSAP: Georges Engel
Gréng: Josée Lorsché
Spëtzekandidate fir d'Europawahle vum 26. Mee
DP: Charel Goerens
LSAP: Nicolas Schmit
déi gréng: Tilly Metz