Am Fong wiere si zwee als een Ticket gewielt ginn, seet d'Octavie Modert (CSV). D'Octavie Modert leit mat 539 Stëmme knapp virum aktuelle Buergermeeschter Marco Albert, deen 512 Stëmmen an der Majorzgemeng krut.
"Mir si ganz no beieneen. Déi nächst, déi hannendru kommen, sinn e bësse méi wäit auserneen. Sou, datt ee ka soen, si (d'Bierger) hu scho wëllen hire Schäfferot zesummeleeën."
Erëm Ministesch?
D'Octavie Modert wollt sech net dozou äusseren, op si erëm e Ministerposte géif unhuelen, wann d'CSV an den nächste Chamberwahlen 2018 erëm an d'Verantwortung géing kommen.