Radioen

On air

Concert  |  Owesconcert

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Och zu Lëtzebuerg feelt et u Medikamenter

Enkpäss a ganz Europa

Och zu Lëtzebuerg feelt et u Medikamenter

Et feelt den Ament a ganz Europa u wichtege Medikamenter. Och hei zu Lëtzebuerg, confirméiert de President vum Syndikat vun de Lëtzebuerger Apdikter, den Alain de Bourcy. Zu den Enkpäss wier et wuel komm, well d'Produzenten ënnerschat hätten, wéi séier d'Demande no der Coronapandemie nees op en normalen Niveau kéint klammen, sou den Alain de Bourcy. Hie fuerdert op en Neits, datt eng national Reserv geschafe gëtt, fir zukünfteg Penurien ze vermeiden.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


Am Januar hat den Alain de Bourcy op eiser Antenne nach gehofft, datt sech d'Situatioun bis de Mäerz géif entspanen. Dat wier awer net agetrueden, seet hien op Nofro.

Liwwerung aus der Belsch soll hëllefen

Et feelt virun Allem u Medikamenter fir Kanner. Verschiddener kéinten duerch Generiquen ersat ginn, sou wéi den Amoxicillin, awer net alleguerten.

"Beim Augmentin, wat eng Penizillin ass mat Clavulansaier mat derbäi, do hu mir Generiquë fir déi erwuesse Formen, mee fir de Kannerantibiotiquen hu mir am Moment kee Generique disponibel. Weder aus der Belsch, nach vu Lëtzebuerg, nach aus engem aner Land."

Et hätt een zwar elo Generiquen aus der Belsch versprach kritt, mee déi wieren nach net do. Enn dëser, Ufank nächster Woch gëtt mat dësem Generique gerechent.

Den Augmentin selwer wier warscheinlech eréischt Enn Juni nees disponibel. Mee wat geschitt mat Kanner déi krank sinn, a keen Augmentin kënne kréien? Si kréichen da beispillsweis méi staark Dosissen un Amoxicillin opgeschriwwen, sou den Alain de Bourcy. Dat géifen d'Kanner da méiglecherweis awer net esou gutt verdroen, an si kéinten de Bauch wéi kréien.

Kéint et zu enger klenger "Katastroph" kommen?

Firwat et zu den aktuellen Enkpäss komm ass, kann den Alain de Bourcy net esou richteg erklären. Méiglecherweis hätten d'Produzenten net domat gerechent, datt d'Demande no der Coronapandemie - wärend där et wéinst de sanitäre Moossnamen zu vill manner Infekter koum - esou séier nees op en normalen Niveau géif klammen an d'Produktioun deementspriechend lues erop gefuer gi wier.

Eng bedeitend Hausse vu Krankheetsfäll am Verglach mat anere Joren hätt hien nämlech net festgestallt.

De President vum Syndikat vun de Lëtzebuerger Apdikter hofft, datt d'Situatioun sech elo ganz séier, spéitstens fir den Hierscht, berouegt.

"Wann dann d'Situatioun de Wanter schonn sou ugeet, wéi mir lo aus dem Wanter erausginn, da gëtt et natierlech gären eng kleng Katastroph."

Eng national Reserv u Medikamenter als Léisung?

Den Alain de Bourcy fuerdert op en Neits, datt endlech eng national Reserv u Medikamenter geschafe gëtt, fir zukünfteg Penurien ze vermeiden. Fir déi gängeg Medikamenter wier dat mol keen héije Käschtepunkt, esou den Apdikter.

"Dat si bëlleg Artikelen an dat ass näischt wou ee lo muss higoen, wéi mat anere Saachen, wa mir lo iergendwellech Vaccinen aleeën oder Produite fir eng Schwéngsgripp, wou direkt, wann een herno am Budget liest, ganz grouss Zomme sinn."

Den Alain de Bourcy nennt dann och ee konkret Beispill.

"Eng Këscht Augmetinsirop kascht an der Vente knapp iwwer aacht Euro. Wann Dir dovun ausgitt, datt een Traitement fir e Kand zwou Fläsche sinn, 16 Euro loosse mir soen, a wann Dir da fir 1.000 Kanner eng Reserv maacht, dann hutt der fir 16.000 Euro."

D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert hat d'lescht Woch an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum DP-Deputéierte Gusty Graas uginn, datt gutt Fortschrëtter gemaach gi wieren bei der Ausaarbechtung vun engem Konzept fir den zentraliséierten Akaf vu Medikamenter op nationalem Niveau, an datt dës Plattform och den Etablissement an d'Gestioun vun engem nationale Stock als weider Missioun kéint kréien.