Radioen

On air

De Moien  |  De Läb - Happy Hippokrit

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Och Déiere vun ukrainesche Refugiée sinn an der Shuk opgeholl ginn

Hausdéieren

Och Déiere vun ukrainesche Refugiée sinn an der Shuk opgeholl ginn

Eng Rei Leit, déi aus der Ukrain geflücht sinn, hunn och hir Hausdéiere vun do mat op Lëtzebuerg bruecht. Dat stellt och d'Autoritéiten, déi sech hei am Land ëm den Accueil vun den ukraineschen Refugiée këmmen, viru gewëss Erausfuerderungen. Beispillsweis an der Shuk, der "Structure d'hébertgement d'urgence Kirchberg".

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock / Oleksandr Filatov

Lauschterenplay_arrow

Eng Dosen Hënn, Kazen, Kanéngercher, Mierschwéngercher a souguer eng Rat, déi Refugiéen aus der Ukrain matbruecht hunn, sinn den Ament an der staatlecher Opnamestruktur Shuk an engem separaten Espace ënnerbruecht. "D'Leit hunn hir Déieren awer do derbäi, si kënnen och no hinne kucken, si kënne mat hinne spadséiere goen an all Moment se ëm sech këmmeren", sou de Félix Wildschütz, Direkter vun der Veterinärsinspektioun.

D'Leit sollen och dono zesumme mat den Hausdéiere logéiert ginn

Op EU-Niveau wier fir Déieren eng vereinfacht Prozedur decidéiert a gängeg Reegelen zum Deel derogéiert ginn. Fir datt net Krankheeten ewéi Tollwut mat ageschleeft ginn, sollten all d'Leit mat hirem Hausdéier bei engem Veterinär passéieren. De Veterinär géif dann och déi néideg Pabeieren ausstellen.

D'Déiere wiere fir d'Wuel vun de Mënsche wichteg an et wier ee beméit fir d'Leit duerno zesumme mat hiren Hausdéieren ze logéieren, esou nach de Félix Wildschütz.

Och Asblen hëllefen

Spontan a séier huet sech och privat Hëllef organiséiert - ënnert anerem vun der Asbl Amiavy.

"Also mir hunn am Fong geholl mol Muppe bei de Vétérinaire bruecht. Mir hunn Spende gesammelt an déi verdeelt op dräi Plazen. Jo a Kontakter eben hiergestallt, wann do eng Fleegefamill néideg war fir en Déier opzehuelen", esou d'Adela Fuentes vun der Asbl. Si wier vum Echo vun hiren Opruff fir Hëllef "erschoss" gewiescht. Eng 1.250 Leit hätte sech nom Facebook-Post bei Amiavy an der Asbl Rhana gemellt.

Dës Hëllef wäert da wuel och weider gebraucht ginn, well mat méi Mënsche sinn och méi Déieren op der Flucht.