Radioen

On air

One World  |  Back To Black

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Och am Fleegesecteur gouf ee Verwaltungsrotsmember fréizäiteg geimpft

Impfplang

Och am Fleegesecteur gouf ee Verwaltungsrotsmember fréizäiteg geimpft

De President vun de Stater Hospices Civils, Henri Grethen, krut am Februar eng Covid-Impfung. Dëst nodeems och ëffentlech bekannt war, datt Verwaltungsréit net an der éischter Phas vun der Impfcampagne dru wieren.

auto_stories

2 min

Den Henri Grethen gouf am Februar als President vun de Stater Hospices Civils geimpft - dëst entgéint de Consignë vun den Autoritéiten an nodeems och ëffentlech kloer gestallt gi war, datt Verwaltungsréit net an der éischter Phas vun der Impfcampagne dru wieren.

De fréieren DP-Minister, deen och President vun der Fondatioun Kräizbierg ass, erkläert d'Decisioun mat senger regelméisseger Präsenz an de béide Strukture fir eeler Leit respektiv Leit mat enger Behënnerung.

"Deel vum Personal"

D'Direktioun vun den Hospices Civils seet, fir si géif den Henri Grethen zum Personal gehéieren. Hie misst vill Aufgaben erfëllen, fir déi hien an d'Altersheem misst kommen - zum Beispill fir Dokumenter z'ënnerschreiwen. Déi aner Verwaltungsrotsmembere goufen net geimpft.

Verwaltungsrotsmembere gehéiere juristesch gesinn net zum Personal, well se weder ee Salaire nach ee Kontrakt hunn. Am Fleegesecteur war déi éischt Phas vun der Impfcampagne op déi direkt Salariéë limitéiert: Souguer Sous-Traitanten, zu deenen dacks d'Botzpersonal, de Kichenzerviss oder d'Sécherheetsleit gehéieren, sinn explizit ausgeschloss.

Wéi eng Kontroll vun den Impflëschten?

Den Henri Grethen gouf den 19. Februar an den Hospices Civils geimpft, dëst vun der mobiller Equipe, déi d'Santé an d'Alters- a Fleegeheemer schéckt. D'Lëschte vun de Leit, déi geimpft solle ginn, ginn am Virfeld vun den Haiser selwer opgestallt an da vun der Santé iwwerpréift. D'Funktioun vum Personal, dat soll geimpft ginn, muss hei präziséiert ginn.

De Gesondheetsministère huet eis Froen zu dëser Prozedur an dem Fall vum Henri Grethen bis ewell nach net beäntwert.

COPAS: Recommandatioune ware kloer

D'COPAS, den Daachverband vun de Prestatairen am Fleegesecteur, hat den 1. Februar an engem Schreiwes un d'Membere präziséiert, datt just "personnel salarié" dierft geimpft ginn.

De COPAS-President Marc Fischbach nennt de Fall vum Henri Grethen "bedauerlech". Dëst wier a sengen Aen am Secteur wuel awer een Eenzelfall, "well d'Haiser jo ganz kloer woussten, dass d'Leit aus dem Conseil d'Administration net däerfte prioritär mat geimpft ginn."

De Marc Fischbach gesäit an dësem Kontext awer och d'Santé an der Responsabilitéit, fir d'Impflëschten aus den Alters- a Fleegeheemer z'iwwerpréiwen.

Ëffentlech Kloerstellung de 16. Februar

De radio 100,7 hat de 16. Februar gemellt, datt dräi Membere d'Hôpitaux Robert Schuman geimpft goufen. Den Direkter vun der Santé, Jean-Claude Schmit, hat deemools ëffentlech kloer gestallt, datt dat an der éischter Phas vun der Impfcampagne net esou virgesi wier.