Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Leen - Dark

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Observatoire fir Klimapolitik: CO2-Steier misst sech vervéierfachen

Ëmweltpolitik

Observatoire fir Klimapolitik: CO2-Steier misst sech vervéierfachen

Den Observatoire fir Klimapolitik - kuerz OPC - fënnt, datt eng CO2-Tax vu 45 Euro pro Tonn, wéi se vum nationale Klima- an Energie-Plang virgesinn ass, net héich genuch ass, an dofir laut STATEC net an allen Secteuren dozou féiert, datt d'Emissiounsziler erreecht ginn.

auto_stories

3 min

Mam Klima an Energie Plang wäert d'CO2-Steier all Joer ëm 5 Euro pro Tonn erhéicht ginn. Bis 2026 géif dat op 45 Euro pro Tonn erauslafen, déi sech fir de Konsument a Form vun all Joer e puer Cent méi um Diesel, Bensinn a Mazout wäert bemierkbar maachen. Déi Recette soll de Staat dann am Kontext vun der Energietransitioun nees ëmverdeelen.

Den OPC kritiséiert - wéi och ënner anerem Ëmwelt-ONGen an de Klima-Biergernot - datt 45 Euro net duerginn. Den Andrew Ferrone stellt fest, "datt an de Beräicher vun der Industrie a vun de Gebaier déi Ziler, déi am Klimagesetz sinn net wäerten erreecht ginn."

Een obligatoreschen Energiepass fir al Gebaier?

D'Propose vun OPC an aneren Acteure wier, d'Steier op 200 Euro pro Tonn eropzesetzen. Also op méi wéi dat véierfacht vun deem, wat elo virgesinn ass. Doduerch kéinten dann och méi Geld ëmverdeelt ginn. Ënner anerem am Bau, wou et virun allem dorëms geet, al Gebaier ze sanéieren.

"An do ass et och sou, datt eben déi, déi am mannste privilegéiert an der Gesellschaft sinn, déi sinn déi am meeschten drënner leiden. Well se ebe keng Méiglechkeet hunn, déi Investissementer ze maachen, mee ënnert den héijen Energiepräisser dann awer leiden."

Et wier och wichteg ze insistéieren, datt Proprietären d'Gebaier, déi se verlounen, och energeetesch erneieren, well soss do d'Lokatären déi héich Energiekäschten ze droen hunn.

"Do ass eng Iddi, déi mir ervirbruecht hunn, datt den Energiepass fir al Gebaier obligatoresch gëtt. Momentan ass dat jo just obligatoresch, wann een d'Gebai verkeeft. Dee gëtt nämlech och Iddien, wéi een d'Energie vun engem Gebai an och den CO2-Verbrauch vun engem Gebai kann erofsetzen."

Och den CO2-Konsum sollt gekuckt ginn

Wat d'Emissiounen ugeet, bedauert den OPC och, datt ëmmer nëmme gekuckt, wéi vill CO2 bei der Produktioun entsteet. Mee och de Konsument hätt eng Responsabilitéit.

"Et kann een awer och politesch iwwerleeën: wat kann een an der Consommatioun erof setzen? Wann ee sech lo zum Beispill denkt, wann ee sech e Smartphone keeft: Reng d'Kafe vum Smartphone verbraucht hei am Land null Emissiounen, well den am Ausland produzéiert ginn ass."

Wärend am Bau an an der Industrie d'Ziler net erreecht ginn, ginn am Transport d'Emissiounsziler däitlech erreecht. Do erreecht dee méi deiere Spritpräis also wéi et schéngt dat, wat ee sech dovun erwaart. Woubäi den Andrew Ferrone drop hiweist, datt et net direkt eppes bréngt, wann d'Leit an d'Ausland tanke ginn.

"Do muss ee ganz gutt oppasse wann ee wierklech seet, dat ass ee vun der grousse Hiewel, déi mir hunn. Ob dat wierklech dem Klima an dem Sënn hëlleft? Well déi Emissioune fannen nach ëmmer statt."

Trotzdeem betount de President vum Observatoire fir Klimapolitik, datt et wichteg ass, d'Differenz tëscht Lëtzebuerger Bensinns- an Dieselpräisser an deenen aus dem Ausland ze verréngeren.