Radioen

On air

De Moien  |  Roger Spautz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Observatioun duerch de Geheimdéngscht?

SREL / LuxLeaks

Observatioun duerch de Geheimdéngscht?

De Justin Turpel huet kritiséiert, datt e Geheimdéngscht-Agent de LuxLeaks-Prozess an de Solidaritéitscomité fir déi Ugeklooten observéiert hätt. Vum Staatsministère koum een Dementi.

auto_stories

3 min

De Staatsministère huet op eis Nofro hin dementéiert, datt de Geheimdéngscht de Solidaritéits-Comité fir déi Ugekloten am LuxLeaks-Prozess observéiert hätt. Weder bei Versammlungen vum Solidaritéits-Comité, nach bei de Geriichtsverhandlunge wier een Agent vum SREL dobäi gewiescht, huet et vum Staatsministère geheescht.

Justin Turpel: "Procès LuxLeaks sous haute surveillance"

De fréiere lénken Deputéierten a Member vum Solidaritéits-Comité, Justin Turpel, hat op sengem Internet-Blog geschriwwen, datt bei alle Sitzunge vum Geriichtsprozess, an éischter Instanz an am Appell, grad wéi bei verschiddene Reunioune vum Solidaritéitscomité een Agent vum Lëtzebuerger Geheimdéngscht gesi gi wier. De Justin Turpel huet a sengem Blog-Artikel dorun erënnert, datt d’Zeitung "Le Quotidien" schonn an hirer Editioun vum 26. Abrëll 2016 iwwert dës Surveillance duerch de SREL geschriwwen hat.

De Justin Turpel stellt d’Fro, wien den Uerder fir dës Observatioune ginn hätt a wien doduerch viséiert wier.

David Wagner: "et ass ganz kloer politesch Iwwerwaachung"

D’Regierung hätt keen anere Choix, wéi ze dementéieren, datt et eng Surveillance duerch de Geheimdéngscht ginn hätt, esou den Deputéierte vun Déi Lénk David Wagner. Wahrscheinlech hätt d’Regierung awer e schlecht Gewëssen, well se wéisst, datt et zu Recht als politesch Spionage opgeholl géif ginn. Déi ganz Reform vum SREL wier elo erëm a Fro gestallt, huet den David Wagner fest gestallt. "Mir haten do virdru gewarnt, an elo mierke mir d’Resultat, datt weider gespëtzelt gëtt. Elo ginn net méi Kommunisten, wéi am Kale Krich iwwerwaacht, mee Leit, déi sech Froe stellen iwwert d’Legalitéit vu gewësse Praxisse vun der Finanzplaz", sou den Deputéierten.

Um Solidaritéitsowend fir déi Ugekloten am LuxLeaks-Prozess Enn Abrëll 2016 hätt de SREL-Agent zoufälleg nieft him gesiess, sou den David Wagner am 100,7-Interview. Hie wier eréischt méi spéit gewuer ginn, datt et e Mataarbechter vum Geheimdéngscht wier.

Den David Wagner ass der Meenung, datt d’Chamber-SREL-Kontrollkommissioun elo misst handelen: et kéint net sinn, datt de Premier Xavier Bettel dementéiert, ouni datt d’Kontrollkommissioun doriwwer diskutéiert huet.

Kee Kommentar vum Claude Wiseler

De Claude Wiseler, CSV-Fraktiounschef a President vun der Chamber-SREL-Kontrollkommissioun, wëllt d’Kritike vum Justin Turpel net kommentéieren. D’SREL-Kontroll-Kommissioun géif generell d’Legalitéit vun de Geheimdéngscht-Aktivitéiten iwwerpréiwen, méi kéint hien dozou net soen, esou de Claude Wiseler op eis Nofro hin.

Interview David Wagnerplay_arrow