Centre Hospitalier de Luxembourg Obligatoresch Impfung fir nei Mataarbechter am CHL

De Stater Centre Hospitalier de Luxembourg stellt am Moment just nach Leit an, déi géint Covid19 geimpft sinn. Dat huet den Direkter vum CHL eis confirméiert. De Romain Nati seet hien hätt "deontologesch keen anere Choix" ewéi d'Impfung vu neie Mataarbechter ze verlaangen.

Rick Mertens / cbi

Exklusiv Impfung Covid-19 zu Lëtzebuerg
Zu Lëtzebuerg gëtt et aktuell keng legal Impfflicht fir de Fleege- a Gesondheetssecteur. Foto: EC - Audiovisual Service / Anthony Dehez

Lauschteren


Hie kéint als Dokter nämlech keen astellen, dee riskéiert engem Patient ze schueden, esou de Romain Nati am 100,7-Interview. Den CHL-Direkter beschreift seng Decisioun, fir just nach Leit mat Impfzertifikat anzestellen, als eng Gewëssensfro. Hie wier net nëmme Generaldirekter, mee och Dokter.

"Wann ech eng Ënnerschrëft ënner e Kontrakt setzen an ech hunn déi intern Konviktioun, datt ech domat riskéieren engem Patient ze schueden, da maachen ech dat net."

Déi nei Astellungspolitik vum CHL geet domat méi wäit ewéi d'Lëtzebuerger Gesetz et virschreift. Anescht wéi a Frankräich gëtt et hei am Land nämlech am Moment keng gesetzlech Impfflicht fir Gesondheetsberuffer.

Et gëtt aktuell keng legal Impfflicht

Dierf een ouni eng legal Basis an engem Virstellungsgespréich iwwerhaapt no der Impfung froen? Jo, mengt den CHL-Direkter: "Ech ka jo mol froen, ob ech dann eng Äntwert kréien, ass jo eng aner Saach."

De Romain Nati ass sech awer duerchaus bewosst, datt seng nei Astellungspolitik dofir viru Geriicht kéint a Fro gestallt ginn. An deem Fall misst ee kucken, wéi de Riichter dat appreciéiert, esou den CHL-Direkter.

Preparatioune fir den Hierscht

Hie betount, et géif him drëms goen de Patienten déi gréisstméiglech Sécherheet ze bidden. Dofir géif net just eng Impfflicht fir nei Mataarbechter agefouert, mee och aktuell Mataarbechter, déi sech net wëllen impfe loossen, géifen an déi Servicer versat ginn, wou se net méi a Kontakt mat Patiente kommen.

"Mir wëssen, datt d'lescht Joer am September/Oktober d'Covid-Zuelen nees däitlech an d'Luucht gaange sinn. A kee kann eis soen, datt dat dëst Joer net esou wäert goen. Esou datt mir am Spidol elo hei vun de Summerméint profitéiere fir Preparativen ze huelen."

17 Prozent vum Fleegepersonal am CHL sinn nach net fäerdeg geimpft a riskéieren deemno wéinst den zousätzleche Precautioune versat ze ginn. Anescht ass et bei den Dokteren, déi wiere mëttlerweil nämlech alleguer geimpft, esou den CHL-Direkter.

Méi zum Thema

Paulette Lenert, ministre de la Santé
Impfflicht

D'Gesondheetsministerin wënscht sech eng sachlech Debatt iwwer d'Fro vun enger Impfflicht fir d'Personal aus de Klinicken a Fleegeheemer: et wier e villschichtege Sujet an de Moment ze vill Emotiounen am Spill.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen